Diskussioun:Gehaansdag

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hat gezéckt fir den "Hellege Jang" ze schreiwen, kléngt e bëssen ongewinnt. Solle mer eise Groussherzog dann elo och "Heng" nennen? ;-))

Nach eppes anëscht: Ech huelen mol un dat d'Wuert "Gehaan" warscheinlech vu "Johann" resp. "Johannes" ofgeleet as? As awer wuel ze spekulativ fir dat hei dran ze setzen, oder? Leider hun ech och im Internet näischt driwwer fonnt. Myriam 11:00, 23 Dezember 2005 (UTC)

"Gehan" kënnt sécher vu "Io(h)annes", am ale Franséische gëtt et jo och d'Form "Jehan". Kuck och Gehaansbierg -> Mont Saint Jean.

"Hellege Jang": Jang ass eng allgemeng geleefeg Varaint am Lëtzebuergeschen fir dëse Virnumm. Bei "liewege" Leit hale mer eis besser drunn, wéi se sech selwer nennen, oder un deen Numm, ënnert deem se bekannt sinn. "Groussherzog Heng" wir deemno, imho, e bësse vill mat den Hoer erbäigezunn. --Zinneke.