Diskussioun:Geschlechtsorganer bei der Fra

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

(hei wäert et goe wéi beim "Piano") stett am Kommentaire.

Wéi ass et de beim Piano gaangen, oder wat hatt missten do goen? Les Meloures 19:09, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moin, Do steet jo mol schon eppes dran. Viirwat awer nët lëtzebuerger Begrëffer oder Bezeechnungen viirschreiwen, wann et der get? Vagin, Vulva an Uterus kléngen zimmlech pikéiert a verschimmt. An der aanerer Dikussioun (Klitoris) waren jo aaner Nimm gefall. Mat Blos get wuel am Sproochgebrauch d´Harnblase geméngt, mä mer hu jo och nach z.B. eng Gaaleblos an ofgesin dovunner si praktesch all Drüsen och Blosen. Harnblos oder Urinblos fannen ech als Bezeechnung doniewend , well mer jo oh net "harnéieren" oder "urinéiren" mä mer gin all pissen.

Nach eppes zum Gäipmännchen. Fir sech op Klitoris ze behaapten an ze soen dee géif z.B. och bei eise Noperen déisäit vun der Musel als offiziell a medizinesch akréditéiert Bezeechnung gebraucht, as wéi et schéngt net richteg. Am fachwëssenschaftleche "Wörterbuch der Medizin mit Zahnheilkunde und Grenzgebieten" vum Thieme Verlag(DTV TB) get de "Klitoris" primär als Kitzler gefuert. Dito fir de Wahrig.--Azeton 01:59, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Remoien,
Wann den DFL deen an enger Superkathoulescher Dréckerei gedréckt gëtt, näischt vum Gäipmänche well wëssen ass ze verstoen. An der Wikipedia verstinn ech dat net. « Honi soit qui mal y pense », ass eng Devise vun engem Gielchen.
Mee domat ass meng Fro vun hei driwwer nach net beäntwert.
Les Meloures 08:17, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

"6: Harnleeder (urethra)": Ech si vläicht schlecht opgekläert ginn, awer dat gesäit mer verdächteg no de Labia majora pudendi an de Labia minora pudendi aus. Iwwer de lëtzebuergeschen Numm stëmme mer jo nach of, gell? --Cornischong 22:14, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]