Diskussioun:Gibraltar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kann ech dee Wopen hei stoe loossen? An der fr. an en. Wiki schreiwen se dozou:

This image depicts a seal, an emblem, a coat of arms or a crest. This image may or may not be usable in Wikipedia. It may be ineligible for copyright, in the public domain, or available under a free licence. In other cases, it is believed that these images may be exhibited on Wikipedia under the fair use provision of United States copyright law. If this is the case, please add the appropriate copyright tag. Otherwise this image may be deleted in the future. Representations of coats of arms are subject to copyright as original works of art and do not fall under Bridgeman Art Library Ltd. v. Corel Corporation's purview as they are not representations of two-dimensional works of art.

Nach eppes: Huet een eng Iddi a wat fir eng Kat. dat gehéiert? Myriam 09:52, 26 Januar 2006 (UTC)

Lo wollt ech grad... a scho war den Otets rëm méi séier ;-)) Myriam 10:59, 26 Januar 2006 (UTC)

Jo jo ;-) E Wuert zum Wopen: U sech ass dat wat an der fr. an en. Wiki steet just Gebraddels fir ze soen "mär hu keng Ahnung ënnert wéi eng Lizenz dat fält an op mer et wierklech däerfe gebrauchen, mee zur Nout soe mer alt et wier (no US-Recht) Fair use". Vu datt mär net méi domm wéi déi aner wëlle sinn, soe mär dat dann och. --Otets 11:06, 26 Januar 2006 (UTC)

Da setzen ech dat emol derbäi. Sou en Template wéi se s'an deenen anere Wikien hunn hu mer jo nach nët, oder? Ech hunn op alle Fall kee fonnt an den Hëllefsäiten. Myriam 11:24, 26 Januar 2006 (UTC)

Neen, esou Templaten hu mer keng. Mär wollten de Billerstiermer, déi dat Ganzt méi strikt gesi wéi mär op der lb-wiki, keen Index mat Biller ënner net-kommerzielle Lizenze liwweren. Et kéint een awer iwwer e GFDL Template nodenken. Wat mengt d'Vollek? --Otets 15:01, 26 Januar 2006 (UTC)

Bis elo ass déi kleng lb-Wiki-Welt an der Rei. Mee gëscht sinn ech nach vu Schaaks Pier gefrot ginn, firwat mer dann net op déi flott Fotoen vu Commons verlinken. An der polnescher géif anscheinend alles liquidéiert an nëmmen nach direkt op d'Commons-Biller verlinkt. Wéi sot deen Een? Herrgott stéi mer bäi!! --Cornischong 15:27, 26 Januar 2006 (UTC)