Diskussioun:Glasminn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Minnefelder vun dësem Typ gëtt et haut nach am Nationalpark Eifel." : Fir dës Behaaptung gëtt et jo bestëmmt och e Beleg. Wou ass en? --Cornischong 01:30, 9 November 2007 (UTC)

Wann eng Foto vun den Afspäerunge wou se sinn duergeet fueren ech der eng maachen. Eng Minn selwer sichen ech natierlech als Beleg net erëm, well déi, déi bis elo sou ee Beleg fonnt hunn, kënnen net méi vill dervun erzielen. Les Meloures 08:34, 9 November 2007 (UTC)


Et ass scho komesch; lo wëll een extra fir mech eng Foto vun enger "Afspäerung" maache goen. Hat ech esou eppes gefrot? Lo gëtt dat Ganzt esou gedréit, datt et jo onméiglech ass, sou eng Glasminn mat heem ze huelen, also léiwer gleewen ewéi kucke goen! Sou geet et, wann een am Dréiwe fësche geet. An der de-Wikipedia drécke se sech och sou wëssenschaftlech aus: "so dass vergleichsweise wenige Minen dieser Bauart verlegt wurden" ; "wenige" tjëft namol, dat wäert et sinn. Datt et engem géif afalen, fir (net mär eleng!!) dem Vollek ze erzielen, wien déi Dénge gebaut huet, ob déi Déngen en Numm haten, wéivill der gebaut gi sinn, ob se nëmmen am Naturpark Eifel leien, a wéi et kënnt, datt esou genee gewosst ass wou se leien, datt dodrëm eng Afspäerung ka gezu ginn, an net op enger anerer Plaz, ob et eppes Schrëftleches gëtt wéivill Leit schonns ëm d'Liewe komm oder blesséiert goufen duerch esou Minnen ...... , ob aner Natiounen och där Dénge fabrizéiert hunn, an deeës méi. Also, wann ech gelift, keng Foto vum Park, mee Quellematerial. Herno kënnt nach ee mat enger Foto vum Yeti senger Aarmbandauer, mee ouni Yeti. Et wier och léiw, net grad mat der Foto vun der donovan-Websäit ze kommen, well déi Freaken drécke sech och zimmlech net kloer aus, mee déi hunn alt en Numm fir den Detonnatuer, de "Saukapp". Eng Foto vu menger Bom hire Weckglieser kann ech selwer maachen. --Cornischong 09:14, 9 November 2007 (UTC)
Op Nofro beim Responsable vun deem Gebitt, sinn ech haut gewuer ginn, datt de Kampfminenräumdienst, amgaang ass sech ëm de Problem vun deem Minnefeld ze bekëmmeren.
Bis elo haten se keng Méiglechkeet fir genee erauszefanne wou déi Minne leien, vu datt et mat de bis elo bekannte Mëttelen net méiglech war. Et gëtt och kéng genee Pläng vun deem Minnefeld, sou datt dat ganzt aus Sécherheetsgrënn einfach groussraimeg ofgespaart gouf.
De Saz iwwer den Nationalpark gouf aus dem Artikel erausgeholl. Les Meloures 09:43, 9 November 2007 (UTC)
  • "beim Responsable": Wien ass de Responsabelen? Dee vum Park?
  • "vun deem Gebitt": Ëm watfir e Gebitt geet et do?
  • "Kampfminenräumdienst, amgaang ass": Elo op ee Mol?
  • "sech ëm de Problem vun deem Minnefeld ze bekëmmeren": Se "bekëmmere sech". Wat maache se dann? "se bekëmmere sech ..ëm de Problem" Wat heescht dat? Hu se elo aner Méiglechkeeten? Watfir wieren dat dann?
  • "kéng genee Pläng vun deem Minnefeld": Wat späre se dann of? Den Naturpark?
  • "groussraimeg ofgespaart" Wat gouf da bis elo ofgespaart? Wéi grouss war dat?

Wann dat esou weidergeet, da musse mär eis nach ëm Niwwelwerfer "këmmeren", fäert de --Cornischong 10:06, 9 November 2007 (UTC)

Wat wësse mer elo méi iwwer d'Glasminnen? A wou ass eng Quell iwwer déi Déngen? --Cornischong 10:16, 9 November 2007 (UTC)

Well ech mer gär e Bild vun "deem Gebitt" maachen, wier et nawell net schlecht, fir emol eng Äntwert op meng Froen ze kréien. Et wier jo schued, datt déi Saach mam Park a mam Kampfminenräumdienst net seng Plaz am Artikel fanne géif. --Cornischong 10:53, 9 November 2007 (UTC)


Ee Rendez-vous op der Plaz gouf gefrot. Les Meloures 11:01, 9 November 2007 (UTC)

Echhat net e Rendez-vous gefrot mee eng Äntwert op meng Froen. --Cornischong 14:30, 9 November 2007 (UTC)

Tjo wann dat der net gefällt datt ech mech beméien fir och eppes méi gewuer ze ginn da kann ech der Moment net hëllefen, an da wier et vläicht am beschten den Artikel gëtt geläscht, an da kann ech mer mäin Deplacement spueren, wat dann elo souwisou geschitt. Ech loosse mech dach net nëmme permanent dirängelen, wann ech och nach selwer amgaang sinn eppes konkretes nozesichen. Les Meloures 14:38, 9 November 2007 (UTC)

Wann ee schreift "Op Nofro beim Responsable vun deem Gebitt," an ech froen, wien dat ass, dann ass et, wéi et schéngt, net méiglech eng Äntwert drop ze ginn. Wann ech froen, ob et eng Quell iwwer d'Glasminnen am Naturpark gëtt, da gëtt dat aus dem Artikel erausgeholl. Dat allerneits ass: Lo soll den Artikel geläscht ginn. Wat soll dee ganzen Hexendanz? "wann dat der net gefällt": Geet et hei ëm dat, wat mär gefällt? Ech gleewe kaum. --Cornischong 14:48, 9 November 2007 (UTC)

Dat hei hat ech schonns uewendriwwer geschriwwen
Bis elo haten se keng Méiglechkeet fir genee erauszefanne wou déi Minne leien, vu datt et mat de bis elo bekannte Mëttelen net méiglech war. Et gëtt och kéng genee Pläng vun deem Minnefeld, sou datt dat ganzt aus Sécherheetsgrënn einfach groussraimeg ofgespaart gouf.
Op déi Informatioun hin, hunn ech d' Behaaptung fir déi de Beleg gefrot gouf aus dem Artikel eraus geholl.
War dat och elo net gutt. Les Meloures 14:56, 9 November 2007 (UTC)