Diskussioun:Gotthardmassiv

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Si non è vero, è ben trovato; oder sou[Quelltext änneren]

"am Zweete Weltkrich staark ausgebaut goufen, fir déi Schwäizer Alpen als Réckzuchsgebitt vun der Armee géint en Amarsch vun den däitschen Truppen zu verdeedegen."; Déi Geschichche mat dem "däitschen" Amarsch ass aus der de-Wikipedia eriwwerkolportéiert. Se huet just een Nodeel; se stëmmt net. Well ech keng Loscht hunn, déi Mäerercher nach eng Kéier ze widerleeën, verweisen ech op d'Diskussiounssäit an der de-Wikipedia, wou am Artikel iwwer de Guisan ( http://de.wikipedia.org/wiki/Diskussion:Henri_Guisan ) déi Saach schonns verdäitlecht gouf. --Cornischong 17:32, 11. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Eng Proxi-Diskussioun wier emol eppes Neies. Den Artikel ännert dat awer och net... --Zinneke 19:53, 11. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Eng "Proxi-Diskussioun": Muss ee wëssen, wat dat ass? Ech weess et net. Vläicht hunn ech nees dat falscht Buch gelies. Soll ech mech nees eng Kéier schummen? --Cornischong 23:46, 11. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Nee, et muss een net. Dann eeben nach méi däitlech: Zeilelaang ëmständlech Beschreiwungen op Diskussiounssäiten iwwer Onstëmmegkeeten an Artikelen BRÉNGE GLAT A GUER NÄISCHT, ausser den Androck ze vermëttlen, deen, deen sech domat drunhält hätt (nach ëmmer?) net bekäppt, wéi de Wikipedia-prinzip fonktionéiert (am A R T I K E L verbesseren/kompletéieren/ëmschreiwen - dat ass dat mam Reider "Säit", lénks uewen), oder awer e méich et just fir bei anerer stëppelen ze goen (nom Motto 'Ech weess et besser, hidde mech awer virdrun, dem Projet mäi Wëssen notzbréngend ze iwwermëttelen'). No 3-4 sou "Fäll" an engem Dag ([1] [2] [3]) kann een emol queesch ginn.... Du brauchs dech deemno net "ze schummen"; wann s de Der d'Wikiprinzip giffs zu Häerz huelen, wier der Saach méi wéi genuch gehollef. Du brauchs och keng "Mäerercher ze widdeleeën", nach Diskussiounssäiten anzwousch anescht (Proxi-Diskussiounen) hei ze zitéieren (eng Foussnout am verbesserten Artikel op eng Quell géing héich duer), just am Artikel op "Änneren" klicken... Chiche? --Zinneke 21:29, 12. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

un den Zinneke[Quelltext änneren]

Mengs de vläicht et géing mär Spaass maachen, a bal all Artikel Feeler mat den Dosenen ze begéinen, nodeems (!!) schonns Leit dra "verbessere" gaange sinn (!!) an dobäi een eenzege Feeler "verbessert" hunn, an da war et, wéi et schéngt, gehalen. Eng gutt Zäit hunn ech dat Verbessers si gelooss, well dat net ganz interessant ass, Leit, déi wéi et schéngt ni eppes bäiléieren, hir Honnerte Feeler all Dag nei ze verbesseren. Mengs de vläicht et wier mer egal ob hei een abstruseste Kabes an en Artikel mam Numm "Psychopathie" schreift, a wann een en op eng duuss (jo, jo!!) Manéier drop opmierksam mécht, datt dat Dénge kee Kapp a kee Schwanz huet, da stécht en de Kapp an de Sand an en "Aneren" mécht topeg Kommentaren, déi iwwerhaapt net op dat Thema aginn. Da bréng du deem dat emol bäi! Mengs de et wier "motivant", fir iwwer d'Wäistrooss eppes ze liesen, wat een, deen zu allem Combel bahaapt, e wier do gewiescht (!!!) vu sech gëtt, an da ginn ech mer dat selwer ukucken, an ech mierken, e gudden Deel vun deem Gebraddels stëmmt hannen a vir net? Dat schéngt awer hei kengem eppes auszemaachen, well soss hätt ee probéiert, déi Saach ze reegelen. Mengs de vläicht, no all deem Gebraddels iwwer Lizenzen, et wier mär schnuppi, wann een aus der de-Wikipedia, deen ech nawell kennen, mer schreift, ob dann hei iwwerhaapt kee bekäppt, wéi et mat dem Iwwersetze vun "däitschen Artikelen" ass? Mengs de vläicht, et wier "motivant", fir bannent zwou Wochen vu Leit "vu baussen", déi net op de Kapp gefal sinn, gesot ze kréien (an dat a verschiddene Varianten) "Wat steet do e Schäiss dran!" A well ech net alles direkt gleewen, kucken ech dat no an ech gesinn, datt déi einfach nëmme Recht hunn. Soll ech deene soen, datt do Happ a Malz verluer ass? Soll ech deene soen, datt een an engem Wiki all Schäiss kann oflueden, an datt kaum ee sech drëm këmmert? Wann hei dat Mäerche vun der "Bedrohung" duerch Däitschland verzapt gëtt, dann ass dat an deem Sënn aarmeséileg, well, deen, deen dat hei vu sech gëtt, net ëmstand ass, dat hallef valabel ze recherchéieren. Wann deen dann déi Wäistrooss-Saachen hei fuebelt, wat soll een da maachen??? Soe léisst dee sech jp souwisou näischt, wéi mer bei der CAL Saach konnte gesinn. Dat sinn déi Leit, déi hei "soss gëss de gespaart" vu sech ginn, well se keng Argumenter hunn, keng wëlle wëssen. Wat mécht ee mat engem, deen de Psychopathie-Déngen wuertwierdlech aus der de-Wikipedia klaut (Lizenz!), egal wat do steet, an op Froen de Buttek vollschäisst? De Fall vun der Liichtfigur am Schach ass mer nach geleefeg. Do hëlleft et alles näischt, Leit déi Joerzéngte Schach spillen ze froen, well dee Behaapter näischt dovunner wësse wëll. Hei huet emol ee vun deenen Dichtege mer gesot ech soll mech schummen. Ma ech maachen dat a leschter Zäit. Besonnesch wa mer Leit soen oder mailen, "Dat gëtt jo ëmmer méi schlëmm mat deem Kabes. Soll ech deene soen, datt een an engem Wiki ka "maache, wat ee wëll". Wann ech bei verschassene (!) Fotoe reagéiert hunn, fir net nees eng Kéier "dobausse" gesot ze kréien ..... weess du wat ech da vu Reaktioune gesinn hunn? Da waarde mer mol op eng Reaktioun op dat Nik Welter-Bild. Do hu mer et net mat engem ze dinn, dee säin éischt Bild eroplued, an net weess, wat e Bild ass. Fir engem "Argument" virzegräifen: "Maach hei wats de wëlls a looss déi aner einfach gewäerden." Wann ech vu Munnege gesot kréien, datt hei zu engem "gudden Deel egal wat steet", an ech muss deem, nodeems ech seng Kritik nogekuckt hunn, och nach Recht ginn, da kréien ech d'Flemm. Dobäi ginn et gutt an interessant Artikelen. ech wëll dem Cayambe seng ernimmen, déi ganz gutt recherchéiert sinn, fir nëmmen een ze nennen. Mee deen "onsägleche" Kabes motivéiert net grad. Wa vu siwen Adminen, sech der zwéin, vläicht dräi iwwerhaapt nach ëm eppes këmmenren, ass dat sabbeleg genuch. Sou, lo geet et fir elo mol duer. zu gudder Lescht nach eppes: Däin Ausdrock "stëppelen" geet mer ganz déck op de Sak! Ech kennen deen nach aus enger Zäit, wou s de net deen Eenzege wars, deen de Cornischong hanner all Pissoir gesinn huet an aus deem Gefuebels net erauskoums. et fält der vläicht net op, awer fënns de net och datt dat selwer en iwwerflëssegt an hannerfotzegt Gestëppels ass. Ech sinn iwwerhaapt der Meenung, et sinn der scho genuch hei erausgëeekelt ginn. De Mulles hat viru kuerzem hei vu motivéiere geschriwwen, dat koum net zoufälleg. --Cornischong 23:04, 12. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

PS: Ech gesi grad, elo si Biller drunn (Fichier_Diskussioun:Nik_Welter_vum_J_Schaack.jpg) Am absurdsten ass jo, dass penibel mat Histogrammwerter, wat wëlls de wat hues de, ronderëm geheit gëtt, sech d'Méi gemaach gëtt, 2 "Ausschnëtter" ze verbesseren an eropzelueden, d' Bild u sech awer onverännert bleift. Mengs d'am Eescht, dat Här-Lära-Gespills giff vill bréngen? ( vum Benotzer Zinneke)
Da mat vill Widerwëllen eng Äntwert op déi Frechheeten: Dat ass net fir d'éischt, wou dat mat verblatzte Biller geschitt. Ech hat alt gemengt, mat de Vergläichsbiller géing dee leschten da begräifen, ëm wat et geet. Ech hunn eng Kéier eng Foto (Resistenzmusée Esch) ersat; e puer Deeg drop gouf se ouni ee Wuert nees dragesat. Do hat ech d'Bild "verännert"! - "dat Här-Lära-Gespills giff vill bréngen?": Iwwer deen Tounfall ka sech am beschte jidderee seng eege Meenung maachen.--Cornischong 23:15, 12. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
"Ech mengen", do ass Happ a Malz verluer... --Zinneke 23:17, 12. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech mengen, mer kéinten eis dorops eenegen. --Cornischong 23:27, 12. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Irgendwéi fannen ech mech hei net rëm[Quelltext änneren]

Wann een, an dëse Fäll de Cornischon, ëppes an engem Artikel a Fro stellt, da riicht hie sech am Fong jo op der Diskussiounssäit vum Artikel un den Auteur. Et ass also un deem, fir seng Behaaptung oder Theorie ze beweisen, ze begrënnen oder de Fall gesaat anzegestoen, datt hie sech geirt huet. Ee Feeler kann de gréisste Genie zouginn, ouni datt him eng Zack aus der Kroun fällt. Eng konstruktiv Diskussioun soll dorauser entstoen, déi dem Fong vum Artikel soll dengen. Mir liewe jo an engem klenge Land. Do kéint ech mir virstellen, wann een zu kengem Konsens géng kommen, datt ee sech bei engem Patt oder anescht geng treffen, fir Thema auszediskutéieren. Oder sinn ech do ze nei hei an zevill naiv?
Falsch ass et awer, wann eng drëtt Persoun sech amëscht ier den Auteur réagéiert huet (herno kann hie mat argumentéieren op eng konstruktiv Weis), ann domatt, wéi an dëse Fäll, d'Diskussioun vum uersprenglechen Thema erwiergt. Do spiert een dacks perséinlech Aversioune géint d'Mataarbechter, déi verschidden Artikelen oder Saache kritesch gesinn. Eng konstruktiv Sträitkultur vermësst een hei an der Reegel. Déi ass ontentbierlech fir d'Qualitéit vun der lb.Wiki ze verbesseren. Ech muss dem Cornichong leider Recht ginn, wann hie schreiwt, datt hie mat Leit geschwat huet déi de Niveau a Fro stellen. Ee rezent Beispill wat ech gesinn hun: En Organist ass e Museker, den Uergel spillt wärt secher kee neie Visiteur vun der Wiki iwwerzeegen fir méi dacks ranzekucken. E rezent Beispill vun engem gudden an ausféierlechem Artikel ass dee vum Christian Ries iwwer d'Nationalmonument vun der Onofhängegkeet. Sou stellen ech mir et vir wéi et soll sinn. -- mulles

Moie Mulles,
Mell dech emol einfach op dëser Adress fb237430@skynet.be , da kënne mer weider poteren, oder ausmaache fir e Patt zesummen ze huelen, wéi s de proposéiert hues. Les Meloures 20:34, 17. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Si non è vero, è ben trovato; oder sou (2)[Quelltext änneren]

Zu dem Saz deen aus der de.Wiki kopéiert gouf.
"am Zweete Weltkrich staark ausgebaut goufen, fir déi Schwäizer Alpen als Réckzuchsgebitt vun der Armee géint en Amarsch vun den däitschen Truppen zu verdeedegen."
Wat sinn d'Argumenter géint dee Saz?
Sou wéi de Benotzer:Cornischong hei uwendriwwer verweist, e Saz aus dem Artikel iwwer den Henri Guisan an deem steet: Der Schweizer Generalstab ging zu dieser Zeit davon aus, dass die Neutralität von Frankreich bedroht sei, nicht von Deutschland.
Zu dieser Zeit heescht 1939 wéi an der Schwäiz decidéiert gouf d'Festungen auszebauen.
Am dem Artikel op der lb:Wiki steet awer näischt vun 1939 , et steet do am zweete Weltkrich
Et ass bekannt datt
1) um Bau an Ausbau vu ville Festungen am Hierscht 1939 ugefaange gouf, an datt déi, wéi de Weltkrich ausgebrach ass bei wäitem net fäerdeg waren,
2)datt spéidestens no der Kapitulatioun vu Frankräich am Juni 1940, gewosst war datt vu Frankräich absolut keng Gefor méi géif ausgoen.
3)datt un en etlech Festungen wéi z.B um Artillerie-Fort Maglescht am Festungsbräich Sagrans, Saz aus Websäit vun der Festung: (Das Artillerie-Fort Magletsch ("Der Hammer") wurde während des zweiten Weltkrieges erbaut und bildet den nördlichsten Eckpfeiler der Festung Sargans. Primäre Aufgabe des Artillerie-Fort Magletsch war die Abdeckung der Räume rheinaufwärts sowie in Richtung Wildhaus und in Richtung Feldkirch.) op der Grenz mat Liechtenstein, ronn 270 Km vun der franséischer Grenz ewech, bis 1943 gebaut gouf,
dierft dee Saz vläicht awer net esou falsch sinn.
Wann awer een e Problem mat deem Saz huet da soll en e mengetweegen aus dem Artikel eraushuelen.
Les Meloures 21:19, 17. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]