Diskussioun:Gréiwels (Homonymie)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dës Diskussioun gouf aus dem Artikel Diskussioun:Gréiwels (Homonymie) dee geläscht gouf eriwwer geholl fir datt se net verluer soll goen. Les Meloures 00:17, 2. Mäe 2008 (UTC)


Nom Legilux gëtt et zwou Uertschaften mam Numm Grevels (also lux. Gréiwels):

Grevels (Bertrange)
Grevels (Wahl)

Et gëtt also keng Uertschaft Grevels-Barrière an och keng Uertschaft Gréiwelshaff.
Béid gehéieren also zu der Uertschaft Gréiwels (Bertrange). Oder gesinn ech do eppes falsch? Cayambe 21:12, 1. Mäe 2008 (UTC)

Mer maachen eis "drop" mat deem Geuertschafts. Déi Saach mat der "Uertschaft Gréiwels", déi zu Bartreng gehéiert, misst "u sech" stëmmen, mee et ass vläicht wéi mam "Tossebierg", deenoch als "Uertschaft" gefouert gëtt. Sou wéi ech dat gesinn, gëtt et keng "real existéiernd" Uertschaft Gréiwels bei Bartreng!! E Gespréich mam Gemengesekretär vu Bartreng bréngt do méi wéi e Moschwir. --Cornischong 21:19, 1. Mäe 2008 (UTC)
Béid Iwwerleeunge sinn halt 'richteg'. Just eng läscht Remarque, dann iwwerloossen ech 'iech anerer' d'Decisioun: hale mir eis un de Legilux, ass alles einfach fir eis... an et gëtt keng Moschwiren. :-)--Cayambe 21:47, 1. Mäe 2008 (UTC)

Salut:

Datt et Uertschaften an der Gemeng Bartreng sinn, ass en deem Sënn eréischt elo bei Gréiwels (Homonymie) opgedaucht.

Dommerweis stinn esou Lieux-diten, grad esou wéi en etlech Häff an der Kategorie vun de Lëtzebuerger Uertschaften, woubei verschidden Häff bei der Légilux als Uertschaft gefouert ginn.

Ech proposéiere folgendes:

1)D'Uertschaften conform zu Légilux an d'Kategorie Uertschaften ze setzen.

2)Zwou nei Kategorien unzeleeën: eng fir d'Häff zu Lëtzebuerg a eng fir Lieux-diten zu Lëtzebuerg.

3)Bei Bartreng d'Uertschaften derbäisetzen sou wéi se vu Légilux gefouert ginn an zwar:

  • Bartreng-Gare
  • Bofort
  • Findelshaff
  • Gréiwels
  • Helfenterbréck
  • Luerentzscheier
  • Niddert
  • Tossebierg

4)Gréiwels (Homonymie) ze läschen

Les Meloures 22:39, 1. Mäe 2008 (UTC)

Deen eenzege Problem, deen ech gesinn: Wou ass d'"Uertschaft Gréwels" ??? Mat Eurogeheie léisst sech dat net léisen. --Cornischong 23:05, 1. Mäe 2008 (UTC)
Et wäert alt dann domaater goe wéi mat Kléngbéiweng. Op iergendenger aler Kaart wäert et schonns erëmzefanne sinn. Ech kucken emol e Méindeg wat do erauszefannen ass. Eng Nofro um Kadaster bréngt do schonns vläicht eppes.
Wa mer wéissten op wat d'Légilux sech baséiert wier et méi einfach. Les Meloures 23:26, 1. Mäe 2008 (UTC)

Lo klappe mer eis schonns "relativ" laang mat dem Phänomen Gréiwels erëm. Et gëtt eng Uertschafft mat deem Nimm an der Gemeng Wal an et gëtt den Haff an d'Barriär bei Bartreng. Punkt. Déi aner Méckepéilereie komme mer ganz e bësselchen iwwerflësseg vir. Wa kee wëll am Innenministär froen, da musse mer et "si loossen". Mer hunn nach ëmmer keen Artikel fir all Staat op der Äerd. --Cornischong 23:48, 1. Mäe 2008 (UTC)

An deem Sënn, fir dat emol ze klären, ginn ech dem Les Meloures Recht, fir d'Homonymie Gréiwels ze läschen. Vill Flilleckegerabbels fir ..... net vill. --Cornischong 23:52, 1. Mäe 2008 (UTC)