Diskussioun:Griicheland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zu "Mazedonien": Wann d'Regierungswebsäit dat Land op Englesch "Republik of Macedonia" nennt (http://www.vlada.mk/english/index_en.htm), dann nenne mär et "Mazedonesch Republik" an der Laangform a "Mazedonien" an der Kuerzform, an net "FYROM", wat iwwregens eng Ofkierzung aus dem Engleschen ass. Dat emol fir all weider "Hëllefsdéngschter" ze paréieren. --Cornischong 17:55, 20 Oktober 2005 (UTC)

Gudde Moien,

Hei steet an der Këscht e Billerlink dran dee net fonktionnéiert. Kann ee vun de Këschtspezialisten dee verschwannen doen oder ersetzen, awer w.e.g. esou datt d'Këscht duerno passabel ausgesäit. Wa mer déi Saachen net an de Grëff kréien, da musse mer ons Gedanken iwwer déi Templateskëschte maachen.

Les Meloures 12:11, 2 Juli 2007 (UTC)

D'Bild vun deem Billerlink deen net fonktionnéiert huet gouf et net méi. Iwwert d'Template muss ee sech awer menger Meenung no sou oder sou Gedanke maachen! Dat klappt hanne wéi fir net. Ech kënn do mol eng Kéier eppes probéieren an et dann zur Diskussioun stellen ... --Kaffi 12:52, 2 Juli 2007 (UTC)

Griichenland / Griicheland?[Quelltext änneren]

Salut,

Luxdico a Spellchecker.lu soen allen 2 "GriicheNland", wéi eng Versioun ass elo korrekt? Kënnt d'Eifeler Reegel do iwwerhaapt zum Zuch? Et handelt sech jo eigentlech ëm en Nom propre, dee mir aus dem Däitschen iwwerhuelen (GriecheNland) ...

Mol als Ureegung :-)

Roude_Leiw

Moien,

Mär furen op jiddwerfall ëmmer a Griicheland, an net a Griiche n land.

Wann den N net ausgeschwat gëtt, gëtt en net geschriwwen.

D'Ausnam si just d'Endungen op -ioun

Les Meloures 14:26, 23. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]