Diskussioun:Haassel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass dat ewel normal, dat do en Admin einfach Fotoen déi net vun him sinn, aus Artikelen eraushelt,an an aner Artikele rëckelt, a seng Eegen an deen Artikel drasetzt. Ass dat fir ze provozéieren oder fir aner Leit aus der Wiki erauszeeekelen, Ech hu emmer gemengt all Mararbechter wire wëllkomm an der Wiki. Sinn dat wierklech déi nei Manéieren an der Lëtzebuerger Wiki.
Ech géif emol gären héieren wat déi aner Adminen zu deene Praktiken do soen. Ech erwarde mer eng Äntwert vun Zinneke, Alexandra a Briséis. Johnny Chicago 22:40, 20 Oktober 2006 (UTC)

Veitsdanz ëm Hallefnuecht?[Quelltext änneren]

Déi leschte Kéier, bei där een eng Kierchefoto, déi an engem Uertschaftsartikel stoung, do erausgeholl huet, fir se an de respektiven Kierchenartikel ze setzen ass nach net laang hier. Do ass keen hysteresch ginn, a mär huet et och ageliicht. Wéi hei een engem aner seng Foto aus engem Artikel erausgeholl huet (ouni se iergendwou anescht ze setzen!) fir seng dran ze setzen war am [[Gare Draufelt]-Artikel huet keen Johnny Chicago hei sech um Buedem gewänzelt! Et war jo nëmmen dem Cornischong seng. Nach eng Kéier: Do huet een eng erausgehäit; einfach esou.
Lo mol op Lëtzebuergesch: Esou domm muss ee sech stellen! Amplaz seng iwwerschësseg Energie ze gebrauchen fir Recherchen iwwer d'Kierch vun Haassel féiert hei ee sech als beleidegte Fuerz op. "Ass dat fir ze provozéieren": Mäi léiwen Johnny Chicago, et ass schonns intrigant, datt dee gréissten Text, deen s de a leschter Zäit hei produzéiert hues, deen hei uewendriwwer ass. Deng hysteresch Manéier gëtt mer ze denken.
Den Artikel Haassel an deen iwwer d'Haasseler Kierch komme mer nach zimmlech eidel vir.
"oder fir aner Leit aus der Wiki erauszeeekelen": Kann et sinn, datt dat zimmlech topeg Wierder sinn, déi a kengem Verhältnes stin? Wat maache mer dann elo mat den zwou Baussefotoen vun der Kierch? Wie mécht dann endlech Fotoë vun der Kierch vu bannen? Ass dat vläicht zevill Aarbecht? Vill oppe Froen, a keen, dee sech dowéinst an de Grand Mal gehäit. --Cornischong 23:22, 20 Oktober 2006 (UTC)

Hei gëtt anscheinend ëmmer de Beleidegte gespillt wann een eppes un engem bestemten Här senge Fotoen eppes liicht ännert. Zu Veianen war et Gréisst, hei ass et elo den Artikel wou se soll stoen.
1)Zum Problem Gréisst a Layout (kuck Diskussiounen iwwer Veianen):
Dass et ee Problem mat der Gréisst vun de Schirmer an der Opléisung gëtt ass natiirlech deene wéinegsten opgefall. Et wir durfir och wichtig dass op der Haaptsäit eng Informatioun sting waat déi beschten Opléisung wier fir d'Säite vun der lëtzebuergescher Wikipedia ze kucken. Dann missten natiirlech och d'Artikelschreiwer déi Opléisung gebrauchen fir de Layout ze machen. Daat wir mol vläicht eng Iddi fir daat ganzt e bësselchen op ee gemeinsame Nenner ze brengen. Mee sou laang wéi daat nët klappt hun aner Diskussiounen iwwer de Layout nët vill Wert.
2)Zum Geréckels vum Bild vun Hassel op Kierch Hassel:
Ech fannen déi Aktioun ganz berechtegt (et sinn deeër schons méi gemmet ginn ënner dem Libellé: D'Kierch bei d'Kierch an d'Duerf bei d'Duerf oder d'Fabrik bei d'Fabrik an nach aanerer), an do hat bis elo kee Mënsch eppes drun auszesetzen. Fir waat soll et hei aanschters sinn. Et huet jo schliesslech keen d'Foto geklaut oder verstoppt. Si ass just op déi Plaz geréckelt ginn wuer se higehéiert nämlech an den Artikel vun der Kierch. (Ech fannen se iwwregens ganz gudd).
Les Meloures 01:23, 21 Oktober 2006 (UTC)


Meng Meenung gouf gefrot.
Fotoen doruechter ze réckelen, bannent engem Artikel oder vun engem an en aneren Artikel, ass "normal", well et de Prinzip vun der Wiki ass, dass jiddereen alles ännere kann, sief et Text oder Bild. Ob dat elo en Admin oder soss een ass, huet näischt ze soen. Net "normal" wier et, wann d'Resultat doduerch kollektiv als méi schlecht fonnt géif wéi virdrunn, well de Prinzip vun der Wiki ass, konstruktiv ze sinn an dat wat do ass, auszebauen an ze verbesseren.
Am heite Fall gouf am Uertschaftsartikel eng Foto ersat. Ass dat elo besser oder méi schlecht? Ech fannen d'Säit wéi s'elo ass, an der Rei: D'Foto op der Uertschaftssäit weist eng Vue op (en Deel vun der) Uertschaft, an huet e Link op de Kierchenartikel, fir deen z'illustréieren eng Foto mat der Kierch dat Richtegt ass. Wann elo e puer Kilo Text op der Uertschaftssäit stéingen, da wir och Plaz fir méi Fotoen, an déi vun der Kierch kinnt een hei "widerhuelen". Dat ass awer bis ewell net de Fall, an esou fannen ech déi momentan Léisung an der Rei. Ech giff héchstens déi zweet, méi kleng Foto ënnen op der Kierchesäit eraushuelen, well déi dat selwescht weist wéi déi an der "Këscht", an déi an der Këscht am Verglach méi schéi Faarwen huet an e bësse besser cadréiert ass.
Ech gesinn dat Réckelen dofir och net als Kritik un der Foto u sech - déi ass wéi gesot tiptop - oder esouguer um Fotograf, an hu Méi, déi Opreegung ze verstoen, déi doduercher elo hei entstanen ass. --Zinneke 11:49, 21 Oktober 2006 (UTC)

Datt Artikele mat vill Fotoen a wéineg Text layoutsméisseg e grousse Problem an der Wiki sinn, mengen ech misst jidderengem bekannt sinn. Fir dëse Problem e bësselchen ze reduzéieren, fannen ech dat ganz an der Rei wa Fotoen, déi net "aussagekräfteg" (zum Artikel) sinn oder besser an en aneren Artikel passen, geréckelt ginn. An dësem Fall ass eben eng Vue vun der Uertschaft méi aussagekräfteg wéi d'Kierch aleng an dofir huet d'Foto vun der Kierch och éischter eppes am Kierchenartikel verluer. Datt an der Wiki emol eng Saach réckgängeg gemaach oder ëmgebaut gëtt bleift net aus. Dat een net ganz begeeschtert ass, wann engem säi Beitrag geännert gëtt kann ech verstoen, awer dat muss ee mat a Kaf huelen. Schliisslech wëlle mer jo all zum Projet bäidroen, andeems mer en ausbauen a verbesseren. --Tomateus 12:36, 21 Oktober 2006 (UTC)


Ech gesi kee Problem domat dass eng Foto vun enger Kierch an den entspriechenden Artikel geréckelt soll ginn. Si ass jo net geläscht ginn, just geréckelt a passt och vill besser an den entspriechenden Artikel wat op der Foto duergestallt ass, nämlech d'Kierch. Wéinst menger kéint se och am Uertschaftsartikel stoen, mä wéi scho bemierkt ginn ass, kéint e besse méi Text dat och besser rechtfertegen. Déi Foto wou méi Détailer vum Duerf drop ze gesi sinn passt demno och besser an den Uertschaftsartikel.
Op elo an Admin oder soss en eppes réckelt ass och net wichteg, well no de Wiki-regelen jiddereen eppes ännere kann. Natierlech soll wann een eppes ännert och gekukt ginn op et verbessert oder verschlechtert. Do ass dann och erëm di kollektiv Meenung gefrot. --Alexandra 12:40, 21 Oktober 2006 (UTC)

Och wann ech net extra ernimmt gouf: läsche wier effektiv grave, mee réckelen dierft kee blesséieren, op d'mannst net wann d'Foto net grad aus engem groussen Artikel an e klengen onbedeitenden erauskomplimentéiert gëtt, mee dat schéngt jo hei net de Fall gewiescht ze sinn. Trotzdeem hätt ee vläit am Virfeld kënne vill Opregung vermeide wa méi ënnertenee kommunizéiert géif. Eng kleng Note op eng Diskussiounssäit gesat an eréischt nodeems de Concernéierten och op der Wiki war (an dee Moment warscheinlech ouni Problem jo an Ame seet) eppes gemat, da ka kee sech getrëppelt fillen. Den Toun (oder hei besser: d'Aart a Weis) mécht d'Musek. --Otets 20:54, 28 November 2006 (UTC)

Bis elo ass zweemol eng Foto, déi vun engem Anere gamaach gouf, vun engem Mataarbechter erausgehäit ginn, fir datt e seng Foto konnt an d'Plaz setzen. A béide Fäll huet, wéi et schéngt, keen eppes dobäi fonnt. Wat opfält ass, datt béid Fotoen, déi erausgahäit goufen vun Deemselwechte sinn. D'Resultat vun deem onnëtzen Zirkus: De User Johnny Chicago jummt d'Dier well seng Foto op eng nëtzlech Plaz gesat gouf. Nëtzlech, well se do e Sënn mécht, an hätt kéinten den Ufank vun engem Artikel bedäiten. Lo steet de Kierchartikel eidel do an am Haasselartikel steet eng Foto, déi e Sënn mécht. Wat awer nach opfält: Ee Mount no der Affär léisst eng Friddendäifche sech néier a schreift vun engem Toun, dee Musek mécht. Principiis obsta! --Den Tedektif 21:42, 28 November 2006 (UTC)