Diskussioun:Habschter Tunnel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut kanns de mer soen, wat do net soll stëmmen.

1) datt en net derduerch gesäit ? Der Berechnung no misst een derduerch gesinn, dat stëmmt, et dierft een awer net dat ganzt Portal gesinn.

2) datt eng Steigung dran ass ? De Plangen no ass eng Steigung dran an e Gefäll dran.

Les Meloures 19:15, 10 November 2007 (UTC)

"Well vu béid Säiten eng Steigung bis an d'Mëtt geet kann ee vun de Portaler aus net bis op déi aner Säit gesinn, obschonns e schnouerricht ass.": Nach just eng Fro: Wou kënnt déi "Informatioun" hier? --Cornischong 21:30, 10 November 2007 (UTC)

Nach just eng Fro: Wou kënnt déi "Informatioun" hier? --Cornischong 22:37, 10 November 2007 (UTC)


Äntwert an dräi Deeler:

1)Well vu béid Säiten eng Steigung bis an d'Mëtt geet. Dat geet aus der Beschreiwung vun der Streck erfir. Kënnt och nach an den Artikel stoen.

2) Dat e schnouerricht ass kann en op der topographescher Kaart gesinn, a wann een derduercht fiert oder geet.

3) Datt een net derduercht gesäit war eng Informatioun vu mengen schlechte Verhalt.

Et gesäit een effektif vun enger Säit bis op déi aner awer net ënner alle Konditiounen. Wann e vun engem Punkt kuckt deen héich genuch iwwer de Schinnen ass kann een effektiv déi zwee Portaler vun all Säit ganz gesinn. Dës Héicht muss wann e vun Äischen kënnt iwwer 3,42 iwwer dem Gleis leien a wann e vun Huewel kënnt ginn 1,41 Meter duer.

Ech sinn als Bouf alt derduercht gaangen, an hunn deemols net bis op déi aner Säit gesinn, well ech deemols einfach net grouss genuch war . Dohir déi falsch Informatioun. Les Meloures 23:01, 10 November 2007 (UTC)


Hunn ech dat elo richteg verstanen? Beim "Äischener Portal" muss een 3,42 Meter iwwer dem Macadam (et geet jo haut keen iwwer d'Schinnen) kucken, fir dee vun Huewel "ganz" ze gesinn. Mat anere Wierder, wann ee beim Tunnelsagank op der Äischener Säit um Buedem steet, da gesäit een den Tunnelsausgank (op der Hueweler Säit) net. Ass dat d'Ausso, déi hei uewendriwwer geschriwwen ass? --Cornischong 02:59, 11 November 2007 (UTC)

Fir et vun der Äisener Säit da nach méi kloer auszedrécken, maachen ech d'Rechnung dann:

Op Gleisniveau kann een 2,08 Meter vum ieweschten Deel vum Bou gesinn. Wat ee méi héich ass kann een also méi gesinn, a Fonctioun vun deeër Héicht.

Ech kann net soe wéi et haut ass, ech weess net op d' Côten zënter deems den Tunnel an d'Rei gesat gouf, geännert hunn.

Ech hu jo och uewendriwwer geschriwwen datt ech mech verflappt hat. Dat hei steet jo och schonns uewendriwwer : Et gesäit een effektif vun enger Säit bis op déi aner awer net ënner alle Konditiounen. Ech hat mech do schlecht ausgedréckt. Et hätt misste sinn: Et gesäit een déi ganz Portaler nëmmen ënner der Kondition datt een op mannst vun der Huweler Säit méi wéi 1,41 Meter an op der Äischener Säit méi wéi 3,42 Meter iwwer dem Gleis ass. Ënner deenen Héichte gesäit e just eng Parti.

Ech hun duerfir d'Coten nogerechent, an déi berechent Héichte fir d'Côte vum fréieren Tunnel uginn. Wann elo beim Bau vun der Pist sech eppes un der Héicht vum Macadam geännert huet, da veränneren déi Wäerter sech a Fonctioun vun deenen Héichtenënnerscheeder, awer just am Fall wou déi Verännerung net gläichméisseg iwwer déi ganz Streck ass. Vu datt d'Piste op den ale Balast gebaut gouf, dierft deen Ënnerscheed awer nëmme minimal sinn.

Fir et dann nach eng Kéier méi kloer auszedrécken. Zur Zäit wéi d'Gleiser nach louchen huet een op Gleisniveau ni déi ganz Portaler gesinn. Dat war nëmme méiglech vun deenen Héichten un, déi ech hei uewendriwwer uginn hunn. Dat geet kloer aus den Niveausberechnungen erfir. Vun Äischen hier konnt ee wann een um Buedem stoung,entspriechend senger eegener Gréisst just den iweschten Deel vum Portal gesinn. Wéivill dat da war kann een duerch Afrechne vu senger eegener Gréisst erausfannen. Les Meloures 11:19, 11 November 2007 (UTC)


Eng Saach ass an dësem Talk nach ganz echt.
Ech hunn alls éischten zwou déitlech Froe gestallt a krut ni eng Äntwwert drop. Am Contraire et ass mat Géigefroen ugaangen. Ech wäert mer dat verhale fir d'Zukunft. Les Meloures 15:00, 11 November 2007 (UTC)

Dësen Text kann an dëser Form net stëmmen, dofir gëtt en emol heini geparkt: "D'Nordportal zur Säit vun der Huewelerhalt läit op enger Héicht vun 321,65 Meter (Gleishéicht) an enger géier Zoch tëscht dem Miltgeknapp an dem Langegronn, an d'Südportal op der Säit zur Äischener Gare läit op enger Héicht vun 320,30 Meter, tëscht dem Habeschgronn a Rommebierg. Am Tunnel selwer geet d'Gleis, vun der Äischener Säit aus gesinn, op enger Streck vu 450 Meter mat 0,4 % biergop, bis op eng Héicht vun 322,10 Meter, duerno kënnt e flaacht Stéck vun 90 Meter, fir da mat 0,3 % ze falen, bis nach 150 Meter hanner dem d'Nordportal."

Déi ganz Behaaptunge sinn zimmlech iwwerflësseg, well ech eng gutt Dose Fotoen hunn, op deene kloer ervirgeet, datt vun enger Säit op déi aner gutt duerchzekucken ass. Sou einfach kann d'Liewe sinn. --Cornischong 00:05, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Datt een op der ganzer Längt duerch den Tunnel gesäit ass kloer gestallt ginn, an ech hunn hei uewendriwwer geschriwen datt ech mech do verflappt hat. Hei ënnendrënner eng Erklärung dozou firwat datt dat virkoum.

Ech zitéieren wuertwiertlech den Text aus dem Buch iwwer d'Atertlinn vum Arthur Klein verëffentlecht vun de FRENN VUN DER ATERTLINN N° 3 1999

QUELQUES DONNEES TECHNIQUES[Quelltext änneren]

Suivant le profil en long du tunnel dressé le 17 août 1874 par Monsieur Quelin, Chef de Service de la Compagnie à Arlon, la distance entre la tête Sud - côté Eischen - et la tête Nord du tunnel - côté de Rédange - , est de 690 mètres.

A la tête Sud du tunnel, la plate-forme du rail est à la cote 320,30 mètres au-dessus du niveau de la mer et à la tête Nord à la cote 321,65 mètres.

Depuis la tête Sud il y a une rampe de 0,004 sur 450 mètres (de la cote 320,30 à la cote 322,10) suivie d'un palier de 90 mètres à la cote 322,10 et d'une pente de 0,003 mètres jusqu'au passage a niveau du côte de Rédange, la tête Nord du tunnel se trouvant à la cote 321,65.

Wann een den Tunnel kucke geet stellt ee fest datt dat net stëmmt. Ech hunn dorauser d'Léier gezunn datt net alles wat an de Bicher steet richteg ass.

Op der aner Säit ass och net alles wat net a Bicher steet falsch.Les Meloures 12:08, 10. Mäe 2008 (UTC)

Hei am Artikel steet den Tunnel ass 690 M lang.

Am Artikel Habscht steet e wier 710 M lang.

Wat ass richteg. ?????????????? 81.244.176.183 11:38, 12 November 2007 (UTC)

D'Längt am Artikel Habscht gouf de 27 November 2007 vum Cornischong verbessert. Les Meloures 12:08, 10. Mäe 2008 (UTC)