Diskussioun:Harry S. Truman

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Harry mat an ouni[Quelltext änneren]

Hei hu mer elo e mysteriéise Fall: Mer haten de Mann "Harry Spencer Truman" genannt. Eise Gaascht aus der en-Wiki zielt eis, datt Spencer falsch wier. Wat en eis net seet, dat ass wéi et da richteg ass. Deen ännert et op "S." an dann huet et sech. Ofgesinn dovun, datt ech Leit net verdroen, déi eppes änneren ouni valabele Grond (mat Quellen!) ass dat alles sou richteg intrigant. Den Truman heescht op der Websäit vum Wäisse Haus "Harry S Truman"! ( http://www.whitehouse.gov/history/presidents/ht33.html ) Also ouni Punkt hanner dem "S"! Op der "Harry S. Truman Library & Museum"-Websäit kritt de gudde Mann nees e Punkt hanner dem S (http://www.trumanlibrary.org/index.php ). Op alle seriöse Plazen, déi ech kennen, steet als mëttelsten Numm just den "S"; zuguer an der Britannica! Dat gëtt jo direkt spannend. --Cornischong 15:52, 3. Dez 2007 (UTC)

Wann ech mer ukucken, wéivill doriwwer an der de- an an der en-Wikipedia op den Tootzsäite steet, da gëtt et mer scho weech. --Cornischong 16:15, 3. Dez 2007 (UTC)

Sorry that I cannot speak Luxembourgish. I hope I will address some of your points. English Wikipedia has a section about whether his middle name is spelled "S" or "S.": en:Harry_S._Truman#Truman.27s_middle_initial. Both "Harry S. Truman" and "Harry S Truman" are acceptable, but it appears that Truman himself spelled it "Harry S. Truman". Consensus on English Wikipedia is to spell it "Harry S. Truman". "Harry Spencer Truman" is certainly wrong. -- Dominus 17:52, 3. Dez 2007 (UTC)