Diskussioun:Hat Hor

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut. Kéint een (!) net déi Saach mat der 0. Dynastie méi kloer maachen. Well do schéngt mer méi an der Loft ze hänken. Wéi beluegt ass dat Ganzt?? Wann een doruechter nokuckt, ass dat Alles nach laang net kloer, oder wéi? --Cornischong 03:15, 3 Mäe 2005 (UTC)

Existenz:jo, Rescht: solala[Quelltext änneren]

Kayser/Dreyer soen emol, do wiere Schiebele fonnt ginn, an do wier keen Zweifer um Hat Hor senger Existenz. Preisesch, Franséisch an Englesch Wiki gesinn dat och esou.

Wou d'Zweifelen awer déck uginn, dat ass, wéi déi Pharaoe vun der 0. Dynastie der Rei no komm sinn. Do widderspriechen sech Preisesch an Englesch Wiki déck. Mee bon, dofir stinn an eiser Lëscht vun de Pharaonen och keng Joreszuelen dobäi. Ech hunn elo net grouss Bicher doriwer gelies, well dat et souwisou net bréngt, all Auteur schreift do anescht. U sech war dat och de Grond, firwat ech d'Lëscht vun de Pharaonen geschriwen (respektiv vun der Preisescher Wiki iwwersat) hunn: wann een elo en Datum an e Joreszuel-Artikel vu viru Christus setzen wëllt, dann huet ee wéinstens eng verbindlech Lëscht, un déi een sech kann halen. Soss wier et just nach méi Kuddelmuddel ginn.