Diskussioun:Haupeschkapell vu Weweler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Lo soll et also zu engem Geréckels kommen, bei deem et drop ukënnt ob bei den Datumen de "Verkehrsverein Burg-Reuland - Ouren", also de Syndicat d'Initiativ vun do et besser weess wéi de Bistum Léck. Well ech dat vun hei aus net esou gutt beuerteele kann, loossen ech et emol provisoresch dobäi. --Cornischong 09:33, 11 Mee 2006 (UTC)

Do versicht een, engem deen emmer gären alles genau hätt, méi genee Datumen ze ginn, dann ass dat och deem och erem net gutt. Dobäi hätt hie sech emol besser selwer mat der Nues ze huelen, an emol no de Fotoen ze kucken op déi hien opmierksam gemeet ass ginn. Esou dat war dann elo fir mech an der Wiki. Johnny Chicago 21:37, 11 Mee 2006 (UTC)

Méi genee Datumen[Quelltext änneren]

Ëm wat et hei geet: Et ginn zwou Quellen: D'Websäit vum Syndicat d'Initiative vu "Burg Reuland" an d'Websäit vum Bistum Léck, déi allenzwou Material iwwer d'Hubertuskapell vu Weweler hunn, bei deene sech d'Datumen an aner Eenzelheeten staark ënnerscheeden. A well ech (wéi schonns geschriwwen) net beurteele kann, wee richteg läit (mer kënnen an dësem Fall schlecht déi zwou Usiichte bréngen, hunn ech haut de Mëtteg bei deenen zwou Quellen ugefrot, wéi dat wier. An datt sech hir Donnéeë widderspriechen. An dowéinst hunn ech och uewen uginn, datt ech et emol provisoresch (bis datt déi mer eng Äntwert ginn) dobäi beloossen. A mat deene Saache fillt hei ee sech gepéngegt! --Cornischong 23:05, 11 Mee 2006 (UTC)


Wat ass dann elo richteg?

Iwerschrëft: Haupeschkapell vu Weweler

Am Text:Hubertuskapell vu Weweler

Gudden Owend un d'IP ouni Ënnerschrëft :: Richteg gesinn. Dat gouf geännert. Les Meloures 00:00, 21 Januar 2007 (UTC)


Nach eng Kéeier gudden Owend:

Ech hunn och eng Fro:

Zu där Zäit gouf dat aktuellt Kiercheschëff gebaut mat engem Spatzbéi-Verwëllef dat sech op eng Zentralsail stäipt.

Wéi ass dat méiglech? Les Meloures 00:02, 21 Januar 2007 (UTC)


N'Owend. Wou kënnt dann den t beim schonns vun Dosente Kilometer hier? Eng Dosent? An iwwerhaapt, dat ass dach topeg iwwerdriwwen. --Dat Krappegt vu Sëll 00:08, 21 Januar 2007 (UTC)

Gudden owend
Fir déi Dose mat de Kilometeren déi soll iwwerdriwwe sinn, hunn ech leider keng Äntwert. Do musst de dech schonns un den Artikelschreiwer halen. Mee menger Opfaassung no ass dat awer gutt méiglech. Et gëtt jo Plazen déi e vu ganz wäit ewech geséit, wann se héich genuch leien, z.B de Sender vun Diddeleng geséit en op 24 Kilometer bei klorem Wieder. De Fluchhafe vu Lëtzebuerg geséit ee vun Diddeleng aus, dat sinn 18,5 Kilometer, an d'Héichhaus um Kierchbierg geséit e vu Bierden aus, an dat si 27 km. Mee ech fuere mar kucken, a wann d'Wieder gutt ass léist sech dat liicht feststellen. Ech hunn och emol séier op der Generalstaabskaart nogekuckt. Dat wat ech do drop feststellen, mécht mech allerdengs bedenklech. Do géif ech der Kaart no behaapten de Maximum wier 3 Kilometer. Mee wéi gesot fro do den Auteur vum Text am beschten.
Wat den t betrëfft, seet mer den DFL op Säit 183 an der zweeter Rei, an der Iwwersetzung vun des douzaines = Dosente vun. Ech weess leider net wat aner gescheit Bicher soen. Les Meloures 00:53, 21 Januar 2007 (UTC)
Gudden Owend,
Ech hat dann haut d'Geleeënheet fir mech vun den Dosente vu Kilometeren ze iwwerzeegen. Mat vill Méi a guddem Wëllen a mat vill Kilometere Gerenns ronderëm, op gudden an op schlechte Weeër fir ganz secher ze sinn hunn ech dat heite festgestallt:
1) Wann e vu Stoubach kënnt, ass e kuerz viru Weweler op der Nationalstrooss N 693. Do gesäit en d'Spëtz vum Tuerm wann en oppasst wéi e Fuuss, wann en 200 Meter Loftlinn vun der Kapell ewech ass.
2) Wann en iwwer der Kapell op den Ourberg fiert kann en se 700 m Loftlinn wäit ewech gesinn.
3) Wann en iwwer d'Nationalstrooss weider fiert Richtung Burgreuland huet en se no 500 Meter Loftlinn aus den Ae verluer.
4) Wann en op Steffeshausen fiert, ass et e puer honnert Meter nërdlech vu Steffeshausen och aus mat der Freed. Vun der leschter Plaz wou se do nach ze gesinn ass, sinn et 1700 Meter duerch d'Loft bis bei d'Kapell.
5) Vun enger Kopp bei Burg-Reuland kann en op 1.800 Meter knapps den Tuerm gesinn well en net duerch d'Bëscher kucke kann.

An elo gudd Nuecht Les Meloures 23:23, 25 Januar 2007 (UTC)

--Cornischong 00:07, 26 Januar 2007 (UTC)

(no vill Gedeessems op der Diskussioussäit stoung awer nach am Artikel deen ale Mumpitz)
Gudd gesinn !!! Gott sei dank huet deen, deen de Mumpitz geschriwwen hat en och elo verbessert.
Deem Krappege vu Sëll schéngt dat jo och ganz egal gewiescht ze sinn.
Ech hat méi Sprit verrannt. Dat ass mir an dësem Fall duergaangen an ech hat och net reklaméiert, soss hätt ech d'Ännerung gemaach Les Meloures 18:38, 28 Januar 2007 (UTC)

Merci u s'alleguer[Quelltext änneren]

Gudden Owend vu Sëll. E Merci u Gott, datt de "Schëllegen" d'Verbesserung gemaach huet. E Merci un dat Krappegt, datt et de Feeler fonnt huet. E Merci un den Johnny Chicago, de Cornischong an de Les Meloures, déi allen dräi Sprit verrant hunn, fir erauszefannen, datt déi Distanz guer net stëmme kann. An e Merci un d'Grammaire de la langue luxembourgeoise, déi ons op der Säit 107 seet, wéi et mat den Dosenden Eeër ass, déi d'Maartfra verkaaft huet. Net jiddferengem, dee bis lo nach keen Artikel geschriwwen huet, ass d'Wikipedia ganz egal. Wa keen heihinner kucke kéim, bräicht keen eppes ze schreiwen. --Dat Krappegt vu Sëll 23:39, 28 Januar 2007 (UTC)

Gudde Moien,
E merci och un dat krappegt vu Sëll, datt et sech d'Méi gemaach huet fir déi Sach mat den Dosenden nozekucken. Well ech meng Grammaire nach net esou laang hunn weess ech se leider net auswenneg, an dofir déi Dosente déi am DFL stinn. Ech sichen elo och nach bis ech vläicht enzwouch Dosene fannen.
Vläicht huet nach eent vun deene gescheite Bichien déi et op lëtzebuergesch gëtt déi Schreifweis och. Oder mir warden nach e Joer bis eng nei Editioun kënnt, dann huet et vläicht geännert. Wéi seet dee Reporter deen sou gutt lëtzebuergesch kann: Affaire à suivre ...
Zum leschte Saz hunn ech allerdengs eng aner Meenung. Do géif ech mengen: Wa keen eppes hei géif schreiwen, kéint kee kucke kommen. Mee trotzdeem ass et gutt ze wëssen datt Leit sech fir Wikipedia intresséieren. :-)) Les Meloures 06:29, 29 Januar 2007 (UTC)