Diskussioun:Haupeschkierch zu Péiteng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

dank dem Cornischong sengen Argumentatiounshëllefe bleiwen ech bei menger Mëschungstheorie: Historuismus den neogotesch an neoromanesch Elementer vermëscht; wee bidd méi? --Marcus 08:15, 17 November 2005 (UTC)

Den onheemlech arroganten, onfrëndlechen an iwwerhiefleche Paschtouer Braun vu Péiteng huet mer elo konfirméiert ("Da sinn dat awer dommer, déi dat net wëssen"), datt et "ganz kloer" ëm den "neogotesche" Stil geet. --Cornischong 08:32, 17 November 2005 (UTC)

Och de Cornischong, dee jo net arrogant, net onfrëndlech an net iwwerhieflech ass, misst wëssen datt een alles denken däerf awer net alles schreiwen soll, souguer wann ee recht huet. --Carlos 08:49, 17 November 2005 (UTC)
An de leschte Wochen hat ech de Pleséier mat ville frëndlechen a manéierlechen Paschtéier, Pastoralassistentinnen a Leit, déi d'Schlëssele vu Kierchen versuergen, ze di gehat ze hunn. Just zwéi Fäll si mer opgestouss. Deen een huet refuséiert datt Fotoe sollten an deene Kierche gemaach ginn, an deenen hien d'Massen hält, an en aneren, dee mer seet, hien hätt mech jo net geruff, an aner Frëndlechkeeten. Et ass net u mär, Erzéiungsaarbecht auszegläichen, awer wann ech e Mënsch frëndlech eppes froen, da kéint ech noutfalls drop verzichten, de Blëtzableiter ze spillen, besonnesch a Fäll wou et net ëm deenen hire Besëtz geet. Wann een nach Zitater brauch ......; frëndlech froen. :-)) --Cornischong 10:48, 17 November 2005 (UTC)