Diskussioun:Herzogtum Bouillon

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Haaptsaach vum Herzogtum Bouillon, ass dat vläicht de gréissten Deel? Les Meloures 17:40, 1. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Eriwwerkopéiert vun Diskussioun:Bonnes Villes

Moien, Maastricht a Bouillon woren net am Prënzbistum Léck, wuel awer am Bistum Léck. Maastricht huet zu deene Gebidder gehéiert, déi kollektiv, quasi ewéi eng Kolonie, de (7) Vereenegte Provënzen ënnerstoungen, wat net verhënnert huet, dat d'Prënzbistum Léck zu Maastricht verschidde Rechter hat a behale konnt. De Lécker Historiker G. Hansotte, z.B., schreift, Maastricht hätt zwee "co-souverains" gehat. D'Herzogtum Bouillon, dat laang de Prënze vu Léck gehéiert hat, war op eng ëmstridden Art a Weis un d'Famill de La Tour d'Auvergne komm. 1697, am Vertrag vu Rijswijk, gouf d'Onofhängegkeet vum Herzogtum Bouillon festgeschriwwen. Mee Léck, a Konkurrenz mat Frankräich, huet ëmmer nees probéiert säin Afloss zu Bouillon auszebauen. Um Pabeier, wéinstens, ass Bouillon awer bis zur Revolutioun (1789) eng eegestänneg Entitéit bliwwen... Äddi, René D.