Diskussioun:Herzogtum Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

Ech si frou ze gesinn, datt d'Herzogtum Lëtzebuerg elo eng "entrée" op lb. wikipedia huet. Mä ech mengen, datt e puer Saache musse verbessert ginn.

1) D'Herzogtum gëtt 1354 gegrënnt (nët 1353), an zwar aus der Groofschaft Lëtz. MAT hiiren "Annexen" (Durbuy, La Roche, Arel...). Ët geet e.a. drëm, eng nei Entitéit ze schaafen, déi "en bloc" ka verierwt ginn...

2) 1364 kritt d'Haus (= d'Herrscherfamill) Lëtzebuerg nach d'Groofschaft Chiny dobäi, mä déi gëtt formell ni an d'Herzogtum Lëtz. integréiert. Dohier de Numm "Pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny" bis zum Enn vum "Ancien Régime" (1794/95). 3) Datt d'Groofschaft Veianen (Vianden) schonn 1269 ënner d'"Lehnshoheit" vum deemolege Groof vu Lëtz., dem Hary V., gefall ass, ass hei irrelevant.

Quell: Camille Wampach, Urkunden- und Quellenbuch... , III, Nr. 140.

4) D'Herzogtum Lëtz., dat sech aus de Wirre vun der "Révolution brabançonne" eraushale konnt, huet bis 1794/95 gedauert! Mat der Occupatioun duerch dat revolutionärt Frankräich (1794) an duerch d'Belagerung a Kapitulatioun vun der Festung Lëtzebuerg (1795) verschwënnt Lëtzebuerg. Säi Gebitt gëtt op 3 nei franséisch Départementer verdeelt: Forêts (Stad Lëtzebuerg), Sambre-et-Meuse (Namur) an Ourthe (Léck).

5) Déi sougenannt "États-Belgiques Unis" ("Vereenigde Nederlansche Staeten", an der deemoleger flämescher Schreifweis) woren eng éischter reaktionär Konfederatioun, déi aus den Éisträicheschen Nidderlanden OUNI d'Herzogtum Lëtz. ëntstane war. Dobäi muss ee bemierken, datt "belgique" deemols een Adjektiv wor, deen ni anescht ewéi mat "des Pays-Bas (méridionaux / catholiques / autrichiens)" ëmschriwwe gouf. Iwwerhaapt muss ee bei de Begrëffer "Belgium", "Belgica", "Belgique" a "belg(iqu)e" oppassen. Vum C. Iulius Caesar bis 1830, wann de belsche Staat entsteet, hunn dës Wierder ëmmer nees eng aner Bedäitung!

6) D'Schabloun muss an deem Sënn iwwerschafft ginn, wou een elo nët gesäit, datt d'Groussherzogtum schonn 1815 gegrënnt gouf, an zwar als Staat (!), deen esouwuel a Personalunioun mam Kinnekräich vun de (vereenegten) Nidderlande stoung, ewéi och Member vum neigeschaafenen Däitsche Bond ("Confédération germanique" -> 1815 - 1866) war (dat ass jo och d'Erklärung, virwat Preisen d'Garnisounsrecht an der Festung Lëtzebuerg krut: "eis" Festung war "Bundesfestung" gin...). Wéi 1839 d'Groussherzogtum tëscht der Belsch an dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I. gedeelt gouf huet um Statut vum "Rescht-Groussherzogtum" bis 1867 näischt geännert...

Courage nach, de Wee bleiwt laang. Bis geschwënn, CHRIS