Diskussioun:Homard

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

menger Meenung no sinn op dem Bild an der Mëtt 2 Languste an ënne riets e Steck vun engem Hommard ze gesinn, déi sinn nom Kache méi rout ewéi Langusten an hunn och 2 grouss Schéieren --Marcus 13:48, 11 Januar 2006 (UTC)

d'ailleurs ass et net éischter Hommard op ltz? --Marcus 13:51, 11 Januar 2006 (UTC)

Wat d'Foto betrëfft, do schléissen ech mech unn, a punkto Schreifweis weess ech net; am luxdico steet et geschriwwe wéi am frz. (http://web6.midworld.luxadmin.org/dict.html) Myriam 16:45, 11 Januar 2006 (UTC)


Sollt een den Homard net an der Einzahl stoe lossen? --Alexandra 12:56, 12 Januar 2006 (UTC)

Wien erkennt iwwerhaapt wat gemengt ass mat "Homarden"? D'Alexandra huet, wéi bal ëmmer, Recht mengt de --Cornischong 13:02, 12 Januar 2006 (UTC)
net zevill luewen.... :-) wat d'MMMMM ' en ugeet; ech hunn am 6000 Wierder op Lëtz. Homard mat engem M stoen --Alexandra 13:20, 12 Januar 2006 (UTC)
Op "Talk:Crustacéen" huet schonns e bedeitende Linguist geschriwwen: ""Homard" kritt an alle Sprooche vun der Welt nëmmen EEN "m". " --Cornischong 13:27, 12 Januar 2006 (UTC)

lo misst jo jidderee wëssen datt Homard nëmmen een m kritt, op Sg oder Pl schengt nach net geklärt, MEE all dat mecht aus denen Déieren op der Foto nach keng Homarden oder leien ech do och falsch ? --Marcus 14:25, 12 Januar 2006 (UTC)

Natierlech sollen hei mol endlech Neel mat Käpp gemaach ginn; mee, ech kenne mech net aus an deem Rayon an ech liesen uewen "menger Meenung no sinn op dem Bild ...". --Cornischong 14:41, 12 Januar 2006 (UTC)