Diskussioun:IATA FluchhafenIndex-A

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kritt Flughafen a Fluggesellschaft net e g am Plaz Fluchhafen, Fluchgesellschaft en ch

--Alexandra 15:16, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Am DLW schreiwe se et mat "ch". --Tomateus 15:18, 1 Mäerz 2006 (UTC)


Ech hunn am '6000 Wierder' stoen: der Flughafen - de Flughafen a bei der Fluch - de Fluch (fluchen - fluchen) Wat steet dann am DLW bei der Fluch ? --Alexandra 15:59, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Der Fluch = de Fluch; fluchen = fluchen. Kräisch net, an 10 bis 12 Joer ass dat neit lëtzebuergescht Wierderbuch beim F. Da kucken déi an der Wiki no. --Cornischong 16:10, 1 Mäerz 2006 (UTC)


Ok, a wat ass dann der Flug  ?? Et kann jo net zweemol de Fluch sinn ? --Alexandra 16:13, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Et ass zweemol Fluch. Net schloen, ech hunn et net erfonnt. --Cornischong 16:20, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Stinn op eiser Lëscht d'Nimm vun den Uertschaften, zu deenen déi Fluchhäfe gehéieren oder d'Nimm vun de Fluchhäfe selwer? Et kënnt mer vir, wéi wann dat wiesselt. Z.B. den ANG heescht "Aéroport de Angoulême - Brie Champniers"; an deem Fall steet just Angoulême do. --Cornischong 15:31, 12 Mäerz 2006 (UTC)

D'Nimm huelen ech vun der däitscher Wikipedia eriwer an doduerch iwerhuelen mir dann och denen hir Inkoherenzen. Ech sin awer der Meenung an dëser Lëscht soll de richtigen Numm vum Fluchhafen stoen an dofir wier hei dann och (menger Meenung no) "Angoulême - Brie Champniers" ubruecht. --Robby 15:58, 12 Mäerz 2006 (UTC) P.S. ech sin och nët den Expert an dàer Saach mee hu mech einfach emol engem Artikel ugeholl
Kuck der emol deen Album hei [1] un. Dann häss de mol 184 Stéck aus Frankräich. --Cornischong 16:06, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Gläiche sech den AG an den AH net esou komesch?? --Cornischong 23:39, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Ups, do ass wuel eng schief gaang ... pardon --Robby 23:54, 14 Mäerz 2006 (UTC)
==============================================================[Quelltext änneren]

"ACJ: Souther Field Airport, Americus, Georgia, USA" No mengen Informatiounen huet IATA kee Code ACJ, dat ass en FAA Code an dee korrespondéiert och mat dem Fluchhafe vun Americus. --Cornischong 07:02, 8 Juni 2006 (UTC)

Schwierig: OP [[2]] an op [[3]] kann een de Code och fannen während en op [[4]], an op [[5]] esou wéi op [[6]] nët ze fannen ass, während en an denen aneren Wikien och ze fannen ass, mee warscheinlech war dat irgenwou falsch an duerno gouf nëmmen nach an déi aner Sproochen transposéiert. Ech läschen déi Zeil emol provisoresch an versich mech an dem Thema emol nach e bëssen emzekucken. -- Robby 17:06, 8 Juni 2006 (UTC)
Salut Robby. Op dem "answers.com" steet ënnen "It uses material from the Wikipedia article "List of airports by IATA code: A". Esou jéngert ee Feeler deen aneren, well ee vun deem Aneren ofschreift. Do sinn nach Saachen op deenen déi dräierlee Code (IATA, FAA, .. lo kommen ech net méi op den Numm) vertriwwlet gi sinn. --Cornischong 20:33, 8 Juni 2006 (UTC)
=================================================================[Quelltext änneren]

Ass déi En-tête net e bëssen duebel?? --Cornischong 07:11, 8 Juni 2006 (UTC)

An d'Reih bruecht war d'Suite vun der Verännerung vum Template -- Robby 09:43, 8 Juni 2006 (UTC)