Diskussioun:Jane Wyman

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

An der Publicatioun Photos de Stars seet d' Encyclopécie du Cinéma si hätt mat hirem richtegen Numm Sarah Jane Fulks geheescht, a wier d'Meedche vum deemolege Buergermeeschter zu St. Joseph gewiescht.


Les Meloures 20:25, 17 September 2007 (UTC)

Déi hunn och warscheinlech grousse Quatsch geschriwwen.
No laangem Gelies hun ech elo erausfonnt datt dat de Fulks hiren Zéipapp war.
Wat eppes.

Les Meloures 22:43, 17 September 2007 (UTC)


Wat der Däiwel ass Photos de Stars? --Cornischong 20:29, 17 September 2007 (UTC)

Resalut,

Dat ass der Däiwel eng Publicatioun vu Fotoen déi d'Encyclopédie du Cinéma erausginn huet. Les Meloures 20:43, 17 September 2007 (UTC)

A wat der Däiwel ass "Encyclopédie du Cinéma"?? Wa Guggel et net kennt, däerf ech et dann och net kennen? --Cornischong 21:30, 17 September 2007 (UTC)
Edito Service S.A. huet déi Billercher gedréckt an do steet als Explicatioun um Rand:
Photos de Stars : Encyclopédie du Cinéma.
Ech verstinn och net virwaat datt de guggle keng fënnt. Meng Sichmaschinn weist mer eng hallef Dosen unn. Ech hunn awer elo nach net gekuckt watereng vun deenen zoutrefft. Ech maachen dat och net well ech baséire mech op dat wat ech am Grapp hunn.

Les Meloures 22:16, 17 September 2007 (UTC)


"Ech maachen dat och net well ech baséire mech op dat wat ech am Grapp hunn." D'Quellematerial ass also dat, wat een am Grapp huet. Schliisslech geet dat déi aner och näischt un. Déi kënnen et jo och an de Grapp huelen. --Cornischong 06:21, 18 September 2007 (UTC)
Da gëff mer ee gudde Rot. Soll ech et op Post droen an der et schécken. Les Meloures 08:11, 18 September 2007 (UTC)
Ech hoffen elo net nach, datt ee behaapt et wier meng Schold datt de Guuggle näischt dervunner weess, well ech deem dat net an de Grapp ginn hunn. Les Meloures 08:15, 18 September 2007 (UTC)

"ee Meedchen, d'Maureen (1941-2001), déi och Schauspillerin a Sängerin war. Si war duerno nach dräimol bestuet, dovunner zweemol mat dem Fred Karger.": - "Si" D'Mamm oder d'Meedche Maureen? --Cornischong 21:20, 17 September 2007 (UTC)

Si war bestuet mam Reagan an duerno nach dräimol. Vum Meedche stett net do, datt et emol eng Kéier bestuet war. Et geet jo och net haaptsächlech riets vum Meedchen. Mee wann dat der esou net gefällt dann einfach de Wikiprinzip uwenden. Les Meloures 21:25, 17 September 2007 (UTC)

An ech hat geduecht, ee vun de Wikiprinzipie wier, wann ech eppes net begräifen, da froen ech. Merci fir d'Opklärung. --Cornischong 06:21, 18 September 2007 (UTC)

Jane Wyman "Regisseurin"[Quelltext änneren]

A watfir Filmen huet d'Jane Wyman Regie gefouert? Merci. --Cornischong 06:45, 18 September 2007 (UTC)