Diskussioun:Jean-Pierre Schmit (Moler)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudden Owend, ech hoffen ech leien hei net falsch mat dem Moler Jean-Pierre Schmit, deen zesummen mat de Moler Jean Baptiste Fresez, Nicolas Liez a Frantz Clément um Wierk Voyage pittoresque dans le Grand-Duché de Luxembourg bäigedroen huet (Liez, Nicolas, 1933. Voyage pittoresque dans le Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg : Linden & Hansen. 50 f. ; 30 x 42 cm. [Reprod. photomécanique de l’éd. de: Luxembourg, 1834. Collab.: Fr. Clément, J.-P. Schmit, J.B. Fresez ; préf. Marcel Noppeney]). Vläischt kann ee vun Iech dat an engem Lexikon iwwerpréifen? --Christian Ries 15:58, 17. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

De Schmit hat eréischt 17 Joer, wéi de Voyage pittoresque erauskomm ass. Wat war säi genauen Apport dozou?--Jamcelsus 21:05, 28. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

De "Moler" am Lemma entsprécht kaum der Biographie vum Schmit. Menger Meenung no soll ee Leit mat dem gläichen Numm a Virnumm net mam Beruff differenzéieren, deen net ëmmer präzis ze determinéieren ass, mä mat dem Gebuertsjoer bzw. Gebuerts- plus Doudesjoer. --Jamcelsus 21:01, 28. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]