Diskussioun:Johannes Sturm

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Un eis Historiker[Quelltext änneren]

De Johannes Sturm ass 1507 zu Schleiden gebuer ginn. An der fr-Wiki steet et wier en Däitschen, an der en-Wiki och. Sou wäit wéi ech dat verstinn, war et e Lëtzebuerger! An der de-Wiki steet iwwer d'Nationalitéit kee Pippjeswiertchen. Komesch, beim Mozart schloen se sech d'Käpp an dowéinst. --Cornischong 16:42, 25 Mee 2007 (UTC)

Moien, am 16. Joerhonnert hunn Notioune wéi "Nationalitéit" menger Meenung no net vill Sënn: Soss misste mer deem Mann en éisträichesch-spuenesch-däitsche Pass ginn... --Zinneke 22:16, 25 Mee 2007 (UTC)

Bonjour,

Wann d'Nationalitéit am 16. Jh. net déi Bedäitung hat, déi se haut huet, sou ass de Sturm dach am Herzogtum Lëtzebuerg gebuer ginn. Dat Herzogtum war deemols een Deel vun de Spueneschen Nidderlanden ("Pays-Bas espagnols"), déi ënner der Souverainetéit vum Kinnek vu Spuenie stoungen. "Däitsch" war de Sturm hechstens um kulturelle Plang, obwuel... Am Zäitalter vum Humanismus, wou déi gebild Leit op Latäin geschriwwen hunn an dax nach eng aner Sprooch nieft hirer Mammesprooch geschwat hunn, ass dat och nees net ganz richteg. Hie war e Landsmann vum Johann Philippi, genannt Sleidanus. Dee gudde Sleidanus gëtt vun de Preisen als "Däitschen" annektéiert, a Schleiden soll "bei Ooche" leien... 't ass fir zë laachen! Op der lb. wikipedia sollen d'Lëtzebuerger sech op kee Fall vun der däitscher Visioun vun der Vergaangenheet beaflosse loossen! Salut, Chris

@Chris: dat mam Herzogtum Lëtzebuerg, Deel vun de Spueneschen Nidderlanden, ass gutt a richteg, an dass een net blannemännches ofschreiwen/iwwersetze soll, kann ech och mat zwou Hänn ënnerschreiwen. Wann Der do méi Informatiounen derzou hätt, wier et flott, Der kéinnt deen Artikelchen hei zu eppes ausbauen, wat den Numm Artikel verdéngt. Et gëtt kee "Chefredakteur" oder esou, jidderengem steet et fräi, souvill e weess (an e Loscht huet) hei der Allgemengheet matzedeelen, am Sënn, d'Wëssen iwwer Theme mat Bezuch zu Lëtzebuerg (an och soss) hei ze verbreeden. Eng kleng Communautéit vu Fräiweëllege kuckt derno, datt d'Kierch am Duerf bleift. Zéckt net ;-) --Zinneke 13:21, 8. Jun. 2010 (UTC)Äntweren[äntweren]


Gudde Moien och,

Datt 20 km vun Oochen, net grad d'Nopeschduerf ass, dat ass gewosst. Mä fir eng graff geographesch Situatioun duerzestellen ass et schonns net sou falsch, ëmmerhin ass Oochen déi bescht bekannte Stad an der Ëmgéigend.

Mä wou komme mer drun datt Schleiden zum Herzogtum Lëtzebuerg soll gehéiert hunn?

Les Meloures 15:12, 8. Jun. 2010 (UTC)Äntweren[äntweren]

Moien,

Ët ass net verbueden, seng Geschicht seriö ze léieren, och mat historesche Kaarten...

Vgl.: - Joseph MEYERS, Geschichte Luxemburgs; Lëtz., 1969; S. 179, 180, 181, 182, 184, 185, 186, 187; - P. MARGUE, Histoire sommaire du Luxembourg; Lëtz., 1976; S. 33; - G. TRAUSCH, Le Lux. à la fin de l'Ancien Régime; Lëtz., 1977; S. 90; - Marcel WATELET, Lux. en cartes et plans - Cartographie historique de l'espace lux. 15e-19e siècles; B-Tielt, Lannoo, 1989; Ss. 6, 32-33, 34, 40...

Salut, Chris


Merci, d'Referenze goufen an den Artikel gesat.

Les Meloures 17:14, 8. Jun. 2010 (UTC)Äntweren[äntweren]

Ps: Dat huet näischt mat Geschicht léieren ze dinn. Mer sinn net hei an der Schoul, a Leit déi heihinner eppes liese kommen hunn och dacks keng Geschicht studéiert. Hei geet drëm fir Quellen opzedreiwen déi dat beleeën, an an den Artikele kënnen als Referenz bäigesat ginn. Doriwwer eraus gëtt et och aner Quellen déi Schleiden net am Herzogtum Lëtzebuerg opféieren. z.B. déi heiten:
Grösse und Bevölkerung des alten Herzogtums Arenberg (gemäss Genealogisches Reichs-und Staats-Handbuch, 1804, Teil 2) - diese Zahlen wurden anlässlich des Luneviller Friedens und des Wiener Kongresses benützt -
    • Herzogtum Arenberg - 1,5 Quadratmeilen oder 84,375 km² für 2.918 Einwohner (1 Deutsche Quadratmeile = 56,25 km²)
    • Grafschaft Schleiden - 140,625 km² für 4.887 Einwohner
    • Herrschaft Kerpen-Kasselburg - 84,375 km² für 3.505 Einwohner
    • Herrschaften Gillenfeld und Fleringen - 28,125 km² für 784 Einwohner
    • Herrschaften Kommern mit Mechernich und Hartzheim - 42,188 km² für 1.216 Einwohner
    • Herrschaft Saffenburg - 42,188 km² für 1.574 Einwohner

Et ass natierlech traureg datt een op der lb:Wiki, an deem Sënn, net vill iwwer d'Herzogtum Lëtzebuerg gewuer gëtt. Mä mer ware bis elo schappeg mat Leit drun, déi hir Geschicht geléiert hunn, an hei eppes wollte vun deem Wëssen, op d'Blat bréngen.

Les Meloures 17:56, 8. Jun. 2010 (UTC)Äntweren[äntweren]

Moien, a SORRY, mä 1804, do ass d'Herzogtum Lëtzebuerg scho bal 10 Joër verschwonn!!! 1794/95 huet dat revolutionärt Frankräich Lëtzebuerg geschléckt an op 3 "départements" verdeelt (Forêts, Sambre-et-Meuse & Ourthe); a 1797, duerch den Traité vu Campo-Formio, sinn déi franséisch Annexiounen an onser Géigend an am Rhäinland international-rechtlech unerkannt ginn => Mir waren tëscht 1797 an 1814/15 Fransousen. Schleiden war bäi den "département de l'Ourthe" komm, wouvunner Léck den Haaptuert war. 1814/15 hunn d'Preisen (les Prussiens / le royaume de Prusse!) Schleiden, esouwéi och Sankt-Väit, Bitbuerg, asw., annektéiert. Sécher si mir hei net an der Schoul, mä egal wou mir sinn, Prezisioun muss sinn. An ech stellen all Dag erëm fest, dat d'Lëtzebuerger hiir Geschicht schlecht kennen (ech hu mer së selwer misse bäibréngen... Wéivill Leit wësse RICHTEG ze erklären, virwat d'Lëtzebuerger Land 1815 zu engem GRAND-Duché gemaach gouf? Oder wéi ët dozou koum, datt en Herzogtum 1354 d'Groofschaft ersat huet. Sécher, ët héiert een "Erklärungen" dozou, mä déi sinn 99 Mol vun 100 fir zë laachen! Courage, nach, de Wee ass laang. Salut, Chris


Remoien,

Merci fir all déi intressant Informatiounen

Vläicht wier et net schlecht hei weiderzefuere mat all deenen Informatiounen. Vläicht sammelt dann eng gutt Séil déi zesummen a meecht en Artikel iwwer d'Herzogtum Lëtzebuerg draus. :-) (ausser de Wee ass ze laang)

Les Meloures 13:19, 9. Jun. 2010 (UTC)Äntweren[äntweren]

Salut,

Hei - en attendant - eng interessant Referenz: Joseph GROBEN, L'ancien Duché de Luxembourg / Das ehemalige Herzogtum Luxemburg ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1999; 311 S. (ill.); ISBN 2-87996-981-6. Ad 'Schleiden', cf. Ss. 261-268!

Vill Spaass a bis geschwënn, Chris