Diskussioun:Joseph Lorenzo Philippe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

gëtt hien zum Titulärbëschof vun Tinum a Koadjutor vum Bistum

Waat ass Tinum ?? Les Meloures 01:05, 18 September 2006 (UTC)

Tinum ass de Numm vun enger fréierer Diözes déi et scho laang net méi gëtt. Sie louch an Dalmatien. Den Titel "Titularbëschof" ass en Éierentitel, dee keng Funktioun mat sech bréngt. Et ass de Gebrauch dass dësen Éierentitel mam Numm vun enger fréierer Diözes verbonne gëtt. --Pecalux 07:03, 18 September 2006 (UTC)

Dee sech e bësse wonnert iwwer déi net gewinnte Form vum zweete Virnumm sief verwisen op déi offiziell Websäit vun der Kongragatioun vun den den Häerz Jesu Pateren ( http://www.dehon.it/scj_dehon/cuore/scj_03_fr/02_fr_congr/fr_congregation_005.htm ) --Cornischong 13:43, 22 Oktober 2006 (UTC)

Ech hun och alt e bësselchen iwwer Bëscheef gelies a festgestallt datt se wann se bis Bëschof waren hiere Numm komplett op Latäin geschriwwe gouf. Misst et dann hei nët Josephus amplaz Joseph sinn. Les Meloures 21:29, 3 November 2006 (UTC)

Wéini e Bëschof gouf[Quelltext änneren]

Am Artikel steet: Bëschof vu Lëtzebuerg vum 9. September 1935 un bis zu sengem Doud.
Dësen Datum kënnt offensichtlech vun der Websäit vun den Herz-Jesu-Pateren (cf Link am Artikel).
Am LuxLex (S. 335) steet, datt hie vum 17. Oktober 1935 un Bëschof war.
Wien huet Recht ? --Cayambe 15:23, 17. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Den Nommesch ass den 9. September gestuerwen. Wann hien direkt deem seng Nofolleg ugetrueden huet da wier et deen Dag. Et ass awer méiglech datt d'Schrëftstéck vum Vatikan op de 17. Oktober datéiert ass. Geneeës kann een do héchstwahrscheinlech nëmmen am Bistum gewuer ginn. Vu datt de Bëschof jo awer och héije Staatsbeamten ass, steet seng Nominatioun vläicht am Mémorial. Da kann awer nach ëmmer en Ënnerscheed tëscht de Staatsdokumenter en deene vun der Kierch bestoen.

Les Meloures 17:30, 17. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]