Diskussioun:Këndel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Der einfacher Sau hiren Alen ass e Béier. De wëlle Béier gëtt Keiler genannt. :-)) Les Meloures 19:04, 1 Januar 2007 (UTC)

Den DLW mengt dozou eppes anescht: Keiler: wëlle Béier. Eng komplizéiert Welt .... --Cornischong 19:08, 1 Januar 2007 (UTC)
Tjo et gëtt dann nach den Ënnerscheed vun deem wat den DLW an aner Dico soen, an esou wéi d'Leit déi dermat ze dinn hu soen.
Ech huelen un den DLW seet och nët wéi dat männlecht Murmeldéier heescht oder d'Weibchen oder déi Jong. Wann e Jeeër seet ech hunn e Béier geschoss da gëtt e schif bekuckt, oder seng Kollege mengen e wier an engem Schwengsstall op d'Juegd gangen, grad sou wéi wann e seet ech hunn en Hirschstéier geschoss obschonns et e Stéier ass.
Hei geet jo och nach drëm fir ze soen datt dat Wuert sech net nëmmen op déi Wëll mee haaptsächlech och op déi Zahm bezitt Les Meloures 19:20, 1 Januar 2007 (UTC)