Diskussioun:Kasematte vun der Stad Lëtzebuerg
Untitled
[Quelltext änneren]Déi etymologesch Tricken, déi Wiki de sech afale gelooss huet (matar), gëtt vu seriöse Wierderbicher GUER NET beluecht. Den Trésor de la Langue Française "kennt" dat matar iwwerhaapt net, Den DUDEN-Herkunftswörterbuch leet dat Wuert aus dem italieenesche casamatta of, dat "Wallgewölbe" bedeit. Dat geet nees zréck op dat mëttelgriichescht "chásma", dat "Spalte, Erdschlund. Erdkluft" bedeit. Heinandsdo froen ech mech: Fuebelen d'Preisen oder maachen e puer Vandalen esou vill aus? --Cornischong 4 Juli 2005 11:35 (UTC)
Ech hunn déi etymologesch Geschicht och onofhängeg vun der de-wiki héiere gehat, an zwar vun de Festungsfrënn. --Otets 4 Juli 2005 13:45 (UTC)
Tjo, géint d'Héiere-Soen kënnt den Duden an den TLF natierlech net un! --Cornischong 4 July 2005 17:15 (UTC)
Firwat sollten d'Spuenier an eiser Festung en italieenescht a kee spuenescht Wuert dofir benotzen? Ech kucken den Owend emol, wat Encarta a Company soen... --Otets 4 July 2005 19:17 (UTC)
Encarta a Co kennen dat Wuert guer net. All Zort Duden seet et kéim vum it. casamatta, wat "Wallgewölbe" bedeit. De Petit Robert seet et kéim vum it. casamatta, wat "maison folle" bedeit. Ween huet dann elo Recht, den Duden oder de Petit Robert? Kann ee Spuenesch oder Italieenesch? --Otets 4 July 2005 23:16 (UTC)
"Kasematte
[italienisch, von griechisch chásma »Erdkluft«] die, Militärwesen: 1) Geschützstand unter einer gepanzerten Decke; schusssicherer Raum in Festungsanlagen; 2) gepanzerter Geschützraum auf Kriegsschiffen des 19.Jahrhunderts. (c) Bibliographisches Institut & F. A. Brockhaus AG," (Brockhaus multimedia). --Cornischong 4 July 2005 23:47 (UTC)
Entschëlleg Cornischong ech hun e "Blanc " an denger Äntwert ewechgemeet well ech deng Äntwert net ganz konnt liesen.
Eng kleng Remarque nach ech mengen dem Cornischong seng Beweiser wiren awer esou iwerzeegend beluet, dat och dee Leschten se misst unhuelenJohnny Chicago 4 July 2005 23:54 (UTC)
wat de Stevin dozou seet
[Quelltext änneren]Wat berouegt, ass, dass mer eis net eréischt zanter gëschter doriwwer Gedanke maachen.
Am Physiker a Wëssenschaftler Simon Stevin (1548 zu Brugge - 1620 zu Den Haag) senge Buch De Sterctenbouwing (De Festungsbau) vu 1594 fanne mer am éischte Kapitel Definitioune vun de Begrëffer, déi en am Buch benotzt. Do heescht et:
De huyskens, ghehuchten, ende int ghemeen gheseyt weerplaetsen, welckemen hier en daer tot meerder bewaernes ant volmaect lichaem der sterckte bouwet, die noemen wy Moortcuijlen {Casemattes.}. De Françoisen ende Italianen heetense casemattes, twelck schijnt een Spaensche naem vergaert van case ende matta, al oft sy wilden segghen, casa por donde se matta, dat is huys daermen deur vermoort, t'welck door een ghebruyckelicke Duytsche naem moortcuijl gheseyt mach worden. Eenighe hebben voormael de middelplaets ende onderplaets der strijckhoucken {Flancs.} oock casemattes ghenoemt, maer de gewoonte heeft byde laetste scrijvers inghebrocht, dat syse nu eyghentlicker heeten moienne & inferieure place, ofte seconde & troisiesme place, misschien om datmense nu niet, ghelijckmen eertijts pleecht, als huysen besloten ende overwelft en maeckt, soo t'sijnder plaets breeder gheseyt sal worden.
http://www.xs4all.nl/~adcs/stevin/stercten/index.html
Dat mat de "Muerd-" oder "Doudeskaule" schéngt dach net esou "geckeg" ze sinn. Mee warscheinlech spillen déi zwou Ethymologien do matt eran.
--Zinneke 5 July 2005 09:07 (UTC)
"twelck schijnt een Spaensche naem vergaert van case ende matta,.." Wat heescht dat op Neilëtzebuergesch? (Besonnesch dat "schijnt") Merci. --Cornischong 5 Juli 2005 10:22 (UTC)
Wa "schijnt" vu "schijnen" kënnt, dat misst et "schéngt" heeschen. "Matar" heescht op Spuenesch "ëmbréngen" (op es-wiki nogekuckt). --Otets 5 Juli 2005 10:47 (UTC)
Léiwer gleewen, ewéi kucke goen - oder - Em wat geet et hei?
[Quelltext änneren]Bis elo huet den Artikel 124 Wierder, d'Diskussioun huet der 563! An der däitscher Wikipedia huet een (deen elo net méi z'erreechen ass) "Eine Kasematte (von span. casa, "Haus", und matar, "töten"; daher die alte Bezeichnung Mordkeller) ist ein.." geschriwwen. Well ech net jiddferengem ëmmer trauen, hunn ech dat nogekuckt (uewen) Ech hunn op dräi Plazen (Brockhaus, TLF an Duden) dat Selwecht fonnt. Dem Zinneke seng originell Quell ass interessant, mee do schéngt et emgem am 16. Joerhonnert wéi wann Eppes kéint sinn. Wa mär net méi fäeg sinn, eis op unerkannten Noschlowierker z'eenegen, da kann et jo nach heiter ginn. Et huet nach keen, zuguer dee léiwen Däitschen Asteller net, et fir néideg fonnt iergendeng schrëftlech Quell unzeginn, déi op eppes Anescht hiweist. Mär stäipen eis op Héiere-Soen an op de Schäin. Soll dat wierklech eis zoukënfteg Informatiounspolitik sinn? Geet et an Zukunft duer, iergendeppes ze behapten a sech dann drop ze sëtzen?? Ass et esou komplizéiert, fir Behaaptungen als dat ze huelen, wat se sinn?