Diskussioun:Kierch Simmer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hunn déi EnCours-Tricken nach e Sënn oder si 4 Deeg zevill laang? --Cornischong 20:39, 1 Mee 2006 (UTC)

Et wier net vu Mutwell wann emol eng Kéier eng Zäit gesaat géif ginn, wéi laang esou en EnCours Schëld bei engem Artikel ka stoen. Ech weess mir hu schons all Rekorder vun e puer Méint bis zu engem Joer gebrach mat esou engem Schëld, ouni dat eppes an engem Artikel geschitt ass.

Ech mengen wa mer mat EnCours schaffen, da soll at och EnCours sinn, da soll een un deem Artikel bleiwen bis en eng Skizz oder färdeg ass, a net dertëschent erem aner Artikelen ufänken.

Ech géif dat heite proposéierenm, wann un engem EnCours Artikel dräi Deeg laang net méi geschafft ass ginn, dann ass den Artikel als Skizz ze betruechten.

Mir mussen dach eng Kéier mat dem Blödsinn ophalen, EnCours iwwert Artikelen ze schreiwen, wann Deeg laang näischt am Artikel geschitt. (déi Kritik ass och fir mech selwer geduecht, net dat erem en Iwerempfindleche mengt et wir just op hie gemënzt)

Johnny Chicago 12:48, 2 Mee 2006 (UTC)