Diskussioun:Kinepolis Belval

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"CineBelval ass den Numm vun engem ...": Et schéngt es net, well d'Wort online ( http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/04110/liebessitze-und-buddys-nights-als-besondere-highlights.php ) nennt dat "Ciné Belval". --Cornischong 07:02, 16. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Gesäit een de Link op Caramba] net op all Browser, oder sinn deenen hir Informatioune falsch, an d'Wort richteg.

Wann déi falsch si misste mer dee Link mat falschen Informatiounen dann net eraushuelen.

Les Meloures 08:52, 16. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech brauch keng sarkastesch Kommentaren iwwer Browseren. Tjo, et kann een net méi alles gleewen, wat um Intennetz steet. Ech war natierlech aus Erfarung dovun ausgaangen, datt e Wikipediakorrespondent schonns dohi war, den Numm nogekuckt huet an e puer Fotoe gemaach huet. Da waarde mer eben nach e bëssen.--Cornischong 09:27, 16. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Entschëlleg w.e.g. dat sollt ner sarkastesch sinn. Et gëtt Linken déi net bei all Browser fonktionnéieren. Dofir meng Fro. Dat ass jo awer anscheinend de Proprietäre vum Kino hir Websäit oder net.
Ech huelen un déi misste bal wësse wéi hire Kino heescht. Bei mengem nächsten Ausfluch an d'Ländche maachen ech dann ee klengem Ëmwee iwwer de Belval, fir kucken ze goen. Les Meloures 10:14, 16. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]
P.S. Dat ass dëse Freiden, virdrun hunn ech leider keng Zäit Les Meloures 10:18, 16. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Den Numm vum Komplex ass CineBelval. Punkt Schluss.

Den Text hei uewendriwwer gouf dragesat vun der IP 83.99.89.64

Les Meloures 19:23, 17. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

RTL mengt wuel, se kéinte sech mat Wikipedia-Fotoen den Aarsch ofbotzen. ( http://news.rtl.lu/news/national/3418.html ) --Cornischong 15:21, 19. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

"rtl.lu respecte les droits de propriété intellectuelle d'autrui..." Méi dozou ënner http://www.rtl.lu/conditions/ (Punkt 18)--Fliedermaus Salut. Merci fir d'Adress vun de Konditiounen. Fir emol ze kucken, ob an deem Betrib nach real Mënsche sëtzen, hunn ech nogefrot. Mer halen eis um Lafenden. --Cornischong 16:19, 19. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Et steet elo en "(C)" mam Numm vum Auteur ënnert der Foto.--Fliedermaus 18:06, 19. Dez. 2008 (UTC) Gesäiss de mol. A frëndlech Leit hu se och nach do. --Cornischong 18:50, 19. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]