Diskussioun:Kino

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nom plënnere vum Film, ass dësen Artikel elo just nëmme méi fir de Kino am Sënn vu "Kino" / "movie theater" oder ëmmer nach am Sënn vu "Filmkunst" / "cinema"? Och froen, well je nodeem wéi muss ech d'interwiki-Linken upassen. --Otets 21:45, 20 Mee 2005 (UTC)

Film a Kino[Quelltext änneren]

Viru laanger, laanger Zäit esou fänken all Geschichten un, stung op der Haaptsäit vun der Wiki de Begrëff Kino vun do aus huet een dann all Artikelen iwert Film a Kino fonnt. Dun huet awer eng Kéier eng Béis Fee oder e béisen Zauberer dat Wuert Kino durch dat Wuert Film ersaat, a schons huet e vun der Haaptsäit aus, kee méi vun deene villen Artikelen iwert Kino a Film font.

Fir mech emfaast de Begrëff Film alles wat mat Film a wäitleefeg dann och mat Kino a Kinoen ze dun huet, Ennert der Kategorie Film fënnt een elo alles wat et an der Wiki iwert de ganze Beruffstand Film a Kino gëtt: vum Regisseur zun Schauspiller, vun der Geschicht vum Kino bis zu de Kinossäll dei jo och zum Film gehéieren, asw.

Wann een nach eng besser Idee huet solle sech roueg dru gin an dat Ganzt nach méi kloer machen. Et gong mir elo emol drëm dat ee mam Wuert Film op der Haaptsäit och eppes kann ufänken.

Johnny Chicago 22:56, 20 Mee 2005 (UTC)

Dat ass och gutt gewiescht, datt s du dat geplënners hues. Mee fir elo op meng Interwiki-Geschicht zeréckzekommen, wou ech net sécher war: deen heiten Artikel bezitt sech elo just nëmme méi op e Kino als Gebäi mat Projektoren a Säll, also op dat wat den Englänner e "movie theater" géif nennen? --Otets 23:33, 20 Mee 2005 (UTC)


Déi béis Fee war ech --Alexandra 19:06, 21 Mee 2005 (UTC)


Well s de dech gemellt hues, ass et alt nach gutt fir dës Kéier ;-)) --Cornischong 19:15, 21 Mee 2005 (UTC)  :-))))--Alexandra 20:08, 21 Mee 2005 (UTC)


Salut,

Ja sou ass et op der Welt , da schafft een emmer an der Wiki, an da mecht een eng Kéier eppes nëtt grad wéi ee soll, a schons gëtt een an de Geschichten béis Fee genannt. Et ass schons alles vergiess, wann e vill schafft da kann een och emol eppes nëtt richteg machen.

Flott ech gesin elo och all deng Fotoen.Wat war dat eng Sach mat dem Cornischong a mir mat dënge Fotoen Johnny Chicago 20:45, 21 Mee 2005 (UTC)

Jojo, dat war net ganz esou einfach mat de Fotoen :-) Mä wann et elo erem klappt kann ech jo erem eng Sendung dropsetzen ;-) Zur b... Fee: Wee näischt mecht deen näischt brécht..... an well ech an souwisou an allem esou eng Katastroph sinn, gesinn ech dat net esou enk... Wann ech iergendeppes zu Onwee machen, einfach bei mir mellen .... :-) --Alexandra 20:53, 21 Mee 2005 (UTC)

Déi Diddelenger[Quelltext änneren]

Zu Diddeleng, an anscheinend just do, geet et net an de Kino, mä an den Zinema.

Déi Diddelenger sinn Echter. Déi soen och eng Hänn grad wéi déi Déifferdenger.

Soss am Land gëtt awer och gesot: Wat en Zinema oder maach elo keen Zinema, deen huet en Zinema opgefouert. Woubäi do den Zinema just den Theater ersetzt. :-) Les Meloures 08:24, 27. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech si keen Diddelenger, mä e Péitenger. An och zu Péiteng gëtt de Kino "Zinema" genannt. De "Kino" ass eréischt an de 1960-er Joren vu "Bäigeprafftenen" zu Péiteng "importéiert" ginn. Haut kann een zu Péiteng weder an de Kino nach an den Zinema méi goen ouni d'Gemeng ze verloossen. --Pecalux 09:07, 27. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]