Diskussioun:Klassesch Gittar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zum Saz: "... gëtt den Toun allerdéngs mat engem Mikro verstäerkt"

Dee Mikro deen Téin verstäerkt muss eréischt erfonnt ginn. Bis haut ass de Mikro nëmmen e Wandler deen akustesch Schwingungen an elektresch Schwingungen ëmwandelt. D'Verstäerkung geschitt eréischt duerno an engem sougenannte Verstäerker. Duerno mussen déi verstäerkt elektresch Schwingungen erëm mat Hëllef vu Lautsprecher an akustesch Téin ëmgewandelt ginn. Alles net esou einfach. Mä an enger Enzyklopedie musse mer präzis a korrekt sinn. Duerfir änneren ech de Saz elo ëm. -- Pecalux 15:57, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]