Diskussioun:Kleeschen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Merci, Marcus, dass d'un den Hellege Mann denks. Du kënns dofir an d'Gëllent Buch ;-)

Ech hätt just eng methodologesch Remarque: Am Fong sinn hei 3 "Niveauën" (oder esouguer Personnagen) déi aneneen iwwer ginn, an déi fir den Artikel ménger Meenung no auserneegedruddelt misste ginn:

  1. den historesche Personnage, de Bëschof Nikolaios (oder wéi och ëmmer en do geheescht huet) vu Mira, a wat mer vun deem wëssen;
  2. D'Hellegefigur "Hellegen Niklos" (Patréiner fir dëst an dat; seng Duerstellung an der Konschtgeschicht, déi verschidde Legenden;
  3. De "Kleeschen", dh de mystesche Kadobrénger fir d'Kanner an d'Traditiounen do ronderem (Schung-virun-d'Dir-Setzen, Houseker, Lidder, etc.)

Vläit hues d'eng Iddi, wéi een dat am Artikel méi däitlech vun eneen ofsetze kann?

--Zinneke 11:50, 17 November 2005 (UTC)

Jo, mee hautdesdags misst een och nach iwwert de "Weihnachtsmann" oder "Santa Claus" nodenken. D'Kanner gi jo ëmmer méi domat zougeschott iwwert d'Reklammen ann d'Mickymausen. Wat d'So iwwert d'Kanner déi zu Gelli verschafft solle ginn: souwäit wéi ech weess war déi "béis Persoun" e Metzler? Myriam 00:08, 15 Januar 2006 (UTC)

Mär hunn en eegenen Artikel iwwer déi Leit a roude Mäntel, déi näicht mam Kleeschen ze dinn hunn an déi am Géigesaz zum Kleeschen och net existéieren. Just den Ded Moros ass, nieft dem Kleesschen, keng Commerce-Erfindung. Boykottéiert all Geschäfter déi Kulturzerstéirung bedreiwen! --Otets 04:56, 15 Januar 2006 (UTC)

"all Geschäfter déi Kulturzerstéirung bedreiwen": Solle mer och déi boykottéieren, déi de Kënnercher joerzéngtelaang Fantasiegeschichten (déi Saach mam Metzler a mam "léiwe" Kleeschen) als boer Mënz verkafen, an et anscheinend fäerdegbruecht hunn, fromm Storien ze verbreeden, nëmme fir "schwaarz Erzéiung" ze febrizéieren. Och hei am Land sinn heiandsdo Leit ze gesinn, déi sech als Kleesche verkleeden (héijen Hutt, Bëschofsstaf an esou) a sech net an de Buttiker ophalen. --Cornischong 11:23, 15 Januar 2006 (UTC)

Direkt d'ganz Welt wollt ech net op ee Coup op d'Menüskoart setzen. Bäi deer imperialistescher Ëmwälzung déi mer am Moment erliewe läit d'Kand awer wéinstens nach net ganz am Pëtz an zweetens gëtt se engem vu baussen opgedrängt. Wéi ass scho méi d'Motto vum Land? --Otets 02:44, 16 Januar 2006 (UTC)


dei 2t foto as ganz kloer keen Kleeschen mee en "Weihnachtsmann" waat e groussen Ennerscheed as

Léiwen Onbekannten: Dann erklär eis den Ënenrscheed emol am Artikel. Mer si gespaant. Fuer duer. --Cornischong 23:26, 12 Oktober 2007 (UTC)
Den Här Direkter wëllt d'Leit erëm un d'Artikelschreiwe kréien, wéi ech gesinn. Meng Statistike soen datt dat an 99,99 % vun de Fäll net geet. Just hien huet et nach net gemierkt. Den eenzege bei deem deen Trick gaangen ass huet sech anscheinend och ofgemeellt.

Datt déi zweet Foto kee Kleeschen ass geséit all Kand, just de Cornischong huet Schäken op den Aen.

Mee leiwe Cornischong fir der et méi einfach ze maachen, de Kleeschen huet ëmmer, wéi d'Statistik et beleet, eng Mitra op, an ee Bëschoofsstaf am Grapp. Dee mat der Mipfelzutz op, an dem Sack am Grapp kanns de nennen weis de wellst awer net Kleeschen.

De Statistiker 04:56, 13 Oktober 2007 (UTC)

Klengen Zousaz: "D'Seeche vum Zinniklos" (1944) ass vum Georg(es) Schmitt. Et wier vlaicht méiglech, dëst klengt Bichelchen ¨ze scannen an an den Artikel ze integréiren... (louis.berg@education.lu)