Diskussioun:Kommandante vun der Lëtzebuerger Arméi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien.

Wéi 1967 d'Arméi reorganiséiert gouf, gouf ënner anerem de Colonelsgrad ofgeschaf. Den neie Chef vun der Arméi, de Miko Mayer, hat "nëmmen" de Grad vun engem Lt-Colonel. Déi héchst Graden direkt drënner (z.B. Kommandant vum Härebierg) haten oder waren d'Majéier.

Froën:

1/ Vu que datt d'Offizéier normalerweis mam Titel direkt iwwert hirem leschte Grad a Pensioun geschéckt goufen (a vläicht nach ginn), ass et net méiglech dat am heiten Tableau eng Partie Ongereimtheete stinn ?

2/ War den Titel "Chef d'état-major" net mam Colonelsgrad verschwonn (als Konsequenz vun der "Affär Winter") ?

3/ Wann den Titel "Ch. d'é.-m." verschwonn war, wéini ass en dann erëm agefouert ginn ?

Bref, ech mengen, datt den Tableau mat gréister Opmierksamkeet muss revidéiert ginn. Vläicht wier et gutt, wann ee Spezialist (z.B. de Roland Gaul, fréieren Offizéier an aktuelle Kurator vum Musée d'histoire militaire zu Dikrech) sech hei géng aschalten, oder?

Mat beschte Gréiss, R.D.

Fir nozekucken
Säit vun de Kommandante vun der Lëtzebuerger Arméi op www.armee.lu
Am Gesetz iwwer d'Ofschafe vum obligtoreschen Arméisdéngscht steet dat heiten:
Les officiers actuellement en service détenant le titre d'un grade qui n'est plus prévu à l'article 18 de la présente loi conserveront ce titre
--Les Meloures 19:31, 29. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]