Diskussioun:Kongregatioun vun de Baarmhäerzege Schwëstere vum Hellege Karl Borromäus
Sujet derbäisetzenZu Nanzeg gëtt et och nach e Mutterhaus vun der "Congrégation des Soeurs de St. Charles Borromée". Dës Schwesteren hu sech haaptsächlech an de Missiounen an an der Fleeg vu Leprakranken engagéiert. Ech hu perséinlech d'Schwester Henri Ronck vu Gréiwemaacher (dem aktuelle Metzlermeeschter Ronck seng Tata) kannt, déi ronn 35 Joer zu Kolda am Senegal (wou ech se och besicht haat a masseg Fotoe ka bäisteieren) gewierkt huet an virun e puer Joer gestuerwen ass. Ech mengen dass een den Artikel iwwer d'Borromäerinnen net nëmmen op déi vun Tréier soll begrenzen. -- Pecalux 14:36, 31 Mäerz 2006 (UTC)
- Do hues de Recht, mee wann ech éierlech sinn, hunn ech bis viru 4 Stonne nach guer net gewousst datt et d'Borromäerinne géif ginn, also hunn ech de google emol e bëssi ugestrengt. Wanns du awer elo Bescheed weess, déi der keen Zwang un: all zousetzlech Informatioun ass wëllkomm (ganz besonnesch wann se aus éischter Hand kommen). :-) Myriam 14:47, 31 Mäerz 2006 (UTC)
Eng Diskussioun ufänken iwwer Kongregatioun vun de Baarmhäerzege Schwëstere vum Hellege Karl Borromäus
Op Diskussiounssäiten diskutéiere Leit wéi se den Inhalt op Wikipedia sou gutt wéi méiglech gestalte kënnen. Dir kënnt dës Säit benotze fir eng Diskussioun mat Aneren unzefänken wéi een Kongregatioun vun de Baarmhäerzege Schwëstere vum Hellege Karl Borromäus verbessere kann.