Diskussioun:Korspronk

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eeeegaaal waaat[Quelltext änneren]

Wannn den Text "De Korspronk (dee bis d'Nummer 8 Kohrspronk housch) ass eng Serie vu Bicher iwwer d'Déifferdenger Lokalgeschicht, déi vun den Déifferdanger Geschichtsfrënn erausgi gëtt." vun engem "VERBESSERT" gëtt op: "De Korspronk (dee bis d'Nummer 8 'Kohrspronk' gehhääsch huet) ass eng Série vu Publikatiounen iwwer di Déifferdenger Lokalgeschicht (an och e bësselchen iwwert d'Gemeng eraus); Editeur sinn di Déifferdenger Geschichtsfrënn.", da gëtt dat e bësse vill Kabes beieneen! Ier een eppes vertriwwle geet, hätt en awer mol besser ze kucke, wat do stoung a sech mol duerch de Kapp goen ze loossen, wat hien der Mënschheet matdeele wëll. Mer hunn eis nach ëmmer vill Méi ginn, fir e proppert Lëtzebuergesch hei ze schreiwen. Da brauche mer keen, deen hei Wierder wéi "gehhääsch" an nach deeër Monstren hei vu sech gëtt. Wéi déi Déifferdenger Geschichtsfrënn heeschen, steet op deenen hirer Websäit. Et brauch een et nëmmen ze liesen. --Cornischong 14:33, 4. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Stëmmt: Egal wat! "housch" as am Minett ni gebraucht gin, do huet et "gehääsch", genä wéi et am ale "Luxemburger Wörterbuch" am II. Bd. op der Säit 126 ze liesen ass. An dat als 1. Form virun "heeschen" mat zwéin "ee". (datt "gehhääsch" mat zwéin "h" do stät aplaz vu "gehääsch", dat as e Mini-Tippfeeler... dofir entschëllegen ech mech, Här Professer Cornischong.)
2. An datt de "Korspronk", ech mengen d'Publikatioun, iwert d'Grenz vun der Gemeng erausgät, dat as och wouer, do brauche mer nëmmen dee leschten (Nr 20) ze kucken.
3. An engem hues De, Cornischong, recht: de Site vun de Geschichtsfrënn as och nach do, fir dat ze soen an ze schreiwe wat hei net gesot gi muss. Dofir häss De di zwéi Bänn vum <Korspronk> guer net esou grouss ervirsträichen ze brauchen. Dat stät alles um Site vun de Geschichtsfrënn, mam Bild vum Deckel. An ech verroden Der: Dat sin déi zwéi Bänn, vun deene bis haut der am mannste verkoaf gi sin.
ech verstoppe mech net hannert engem Pseudonym: ech schaffe mat oppenem Viséier:
Jhemp BIVER, Auteur vum Nr 11: L'Usine, an och vun dem neien den ënnerwee as. - 08.Feb.2008 . 20:23

Den Här Professer Cornischong huet a sengem " ale "Luxemburger Wörterbuch" am II. Bd. op der Säit 126" gekuckt, a wat en do gesinn? Do steet ë.a.: "(Prät.:Ind. housch, ....." Léiwe Jhemp Biwer: Ech gleewen net datt et d'Saach weider bréngt, wann s de hei de sarkastesche Gëftzwerg eraushänke léiss, well wéi s de vläicht matkruuts, hu mer zënter e puer Jeeërcher eng "offiziell" Schreifweis. A wann s de mer hei ziels, datt "housch" am Minett ni gebraucht gouf, da leefs de oppen Dieren an. Mer schreiwen hei net Minettesch, mee mer kucken alt fir eis un d'Schreifweis ze halen. Un déi eenzeg, déi mer hunn. --Cornischong 20:15, 8. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Nodeems den Här Professer Cornischong g'änwert huet, hunn ech och nach eppes ze soen. Ech hunn e grousse Respekt virun all deenen, déi um Korspronk schaffen, well se eng aussergewéinlech gutt Publikatioun erausginn. Dowéinst sinn ech net ganz frou driwwer, datt et hei sollt zu engem Hunnekampf wéinst engem Verb kommen, dat zu allem Kombel, wéi de Professer Cornischong dat schonns ernimmt huet, esou am "Wörterbuch" steet. Léiwe Jhemp Biver, profitéier vun der Geleeënheet a bau den Artikel iwwer de Kospronk aus .... an dee vun de Geschichtsfrënn. Et ass derwäert. --Cornischong 20:27, 8. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]