Diskussioun:Kräitche Réiermechnetun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kinnt eise Spezialist vu Wierder mat D eis och verroden, wéi e Kraut, dat et just an Asien ze ginn schéint, en "typesch lëtzebuergeschen" Numm huet? A wéi ee fir d'en:Impatiens noli-tangere seet? Déi gëtt et an Europa, an den Numm leet no, datt dat wuel éischter dem Réiermechnetun entsprécht... --Zinneke 17:11, 6. Abr 2008 (UTC)

A firwat gëtt aus der enger Planz elo am selwechten Artikel eng aner Plaz?? Et ass mat "Impatiens-balsamica" ugaangen!! --Cornischong 18:21, 9. Abr 2008 (UTC) A firwat gëtt fir "Impatiens noli-tangere" net en neien Artiel ugefaangen?? Foto vun der balsamica eraus - neit Bild dran - a scho si mer an engem anere Film. Wat dat soll, muss awer mol ee mer erklären. --Cornischong 18:25, 9. Abr 2008 (UTC)

" e Kraut, dat et just an Asien ze ginn schéint", déi Story ass souwisou Kabes, well déi de-Wiki mol net aus der en iwwersetze kënnen. --Cornischong 18:28, 9. Abr 2008 (UTC)


Gudde Moien
Ech faasse séier zesummen. Den Zinneke huet eng Fro gestallt, an e krut keng Äntwert. Ass den Artikelschreiwer net amstand ze äntwerten?
Ënner Impatiens noli tangere fannen ech an de verschiddene Wikië follgend Nimm:
fr:Wiki: Balsamine des bois an Impatience ne me touchez pas
en:Wiki: Touch-me-not, Yellow Balsam, Jewelweed or Wild Balsam
de:Wiki: Echtes Springkraut, Großes Rührmichnichtan, Wald-Springkraut oder Altweiberzorn
nl:Wiki: gëtt d'Iwwersezung mat roer me niet un.

Da schreift de Cornischong: et ass mat Impatiens balsamica ugaangen. Domatter huet e Recht. Ech fannen just dee wëssenschaftlechen Numm neirens. Kann et sinn datt dee wëssenschaftlechen Numm falsch ass? Wa jo, da ginn hei komesch Saache verteidegt. Les Meloures 18:53, 9. Abr 2008 (UTC)

Eng Quell unzeginn wier an esou Fäll vläicht net schlecht. Les Meloures 19:02, 9. Abr 2008 (UTC)


Hei sinn der mol mol eelef Linken op Wiki-Artikelen: 'tass komesch:"Mäi Guggel gëtt mer deen Numm (mam ...ca) 354 Mol. Ënner anerem hei ( http://www.stadtinfo2000.de/kunden/g/gartenverein/seiten/artikel/artikel.php?id=180 ). Mee de Mëssel ass geschitt mat der Vertriwwelung vun der "balsamica" mat der "balsamina"! De Cornischong hat ( de 6. Abrëll um 16.48) déi richteg Linken dragesat!! Reduzéiert sech elo dat Ganzt op e Wuertspill? Eleng déi Linke waren an 8 Sproochen. An ënner dem Bild stoung et och richteg. An da fënnt "keen" den Numm? Hei mol déi Linken, déi dra waren (!!!) nees eng Kéier: en:Impatiens balsamina [es:Impatiens balsamina]] eo:Netuŝumino ml:കാശിത്തുമ്പ ja:ホウセンカ id:Pacar air ms:Pokok Keembong nl:Impatiens balsamina pl:Impatiens balsamina pt:Beijo-de-frade to:Polosomo --Cornischong 19:20, 9. Abr 2008 (UTC)

Wëll hei wierklech ee mär am Eescht soen, datt en a kenger Sichmaschinn den "'Impatiens balsamica" fonnt huet? Well wierklech ee mer am Eescht soen, datt déi 11 Linken, bei deenen deen op déi en-Wiki an der nl de laténgeschen Numm war, keen op den Numm mat ...basamina bruecht hunn? An dat nodeems ech dem Zinneke säi Link g'ännert hat? --Cornischong 19:31, 9. Abr 2008 (UTC)

Ech freeë mech iwwer dem Cornischong säin Asaz fir dem Dirlidapp säin Artikel. D'Fro ass awer wéi den Zinneke gesot huet: Ass d'Impatiens balsamina (mat N) dann elo d'Kräitche Réiermechnetun, oder ass et d'Impatiens noli tangere wéi déi aner Wikien och erausfannen. Déi Fro bleift jo nach ëmmer op.
Wat Hierkunft vun der Impatiens balsamina ugeet fannen ech am Grand dictionnaire des plantes de jardin dee vum Cristopher Brickell, Directeur de la Société royale d'Horticulture zesummegestallt gouf datt se aus China, Malaysia, an Indien kënnt. Si gëtt do och als reng Gaardeplanz ernimmt. Sou wäit wéi ech weess ass d'Kräitche Réiermechnetun eng Bëschplanz Les Meloures 19:40, 9. Abr 2008 (UTC)
Hei uewendriwwer steet och dat heiten: well déi de-Wiki mol net aus der en iwwersetze kënnen. Dobäi huet déi däitsch Wiki keen Artikel iwwer impatiens balsamina oder balsamica. Les Meloures 19:50, 9. Abr 2008 (UTC)


Fir elo emol ze erkläre firwat ech den Numm an d'iw geännert hunn: et ass ganz einfach. Den Artikel heescht Kräitche Réiermechnetun an daat ass net den impatiens balsamina , mä den Impatiens noli tangere. Dofir gouf och d'Foto geännert well déi en impatiens balsamina weist. Wann also déi Foto, déi aner iw'en an den Numm vum impatiens balsamina soll dra stoe bleiwen, da muss den Artikel anescht heeschen..... --Alexandra 08:17, 10. Abr 2008 (UTC)


Mäin Artikel, säin Artikel an him säin Artikel[Quelltext änneren]

Meng léif Leit. Dat ass weder dem Jemp säin, nach dem Dirlidapp säin!! "Ech freeë mech iwwer dem Cornischong säin Asaz fir dem Dirlidapp säin Artikel." Wann een anere sech drëm gekëmmert hätt, dann hätt de Cornischong, dee sech net vill fir Planzen begeeschtert, d'Fangeren ewech gelooss. Datt ech kucke, fir valabel Fotoen an d'Artikelen ze kréien ass ganz einfach: Well kaum en aneren sech drëm këmmert, fir déi Commons-Biller (déi mer leider net kënne selwer ophuelen) mol anzeriichten. Krätzbiller hu mer der méi wéi néideg. Datt kee sech wëll mat engem Bild eng hallef Stonn beschäftegen, ass ze verstoen. Datt et méi séier geet d'Commons-Biller einfach esou ze verlinken, egal wéi schlecht se sinn, hunn der schonns erausfonnt. Datt hei een de Grand dictionnaire des plantes de jardin dee vum Cristopher Brickell, Directeur de la Société royale d'Horticulture zesummegestall gouf, huet, éiert natierlech déi ganz lb-Wikipedia. Bis elo ass awer nach net vill hei dervun ze gesinn. Da kann ech mech jo aus de Kraider eraushalen. Wéi mat Neien hei ëmgaange gëtt gesi mer haut nees mam PlayMistyForMe. Deen huet e Probleem mam Eropluede vu Biller, mee ausser dem Otets seng Iddi kënnt net vill vun engem aneren. Mee wie weess, vläicht ass den PlayMisty een, deen nëmmen esou mécht ............? --Cornischong 20:13, 9. Abr 2008 (UTC)


Hei hu mer dann den typesche Fall vun engem deen en Artikel heihinnersetzt mat engem Saz, an de Rescht vun de Mataarbechter plot sech dermat erëm. An deeër Zäit hätt ee kënnen eng hallef Dosen eenegermosse valabel Artikele schreiwen.
Wann den Otets als Éischte beim PlayMistyForMe gäntwert huet, ass dat jo gutt. E muss jo een den Éischte sinn. Firwat war et keen aneren? Ganz einfach: Well ons Direktioun d'Permanencen ze schlecht bezillt, an dofir net all Moment 20 Mataarbechter um Sprangbriet stinn, fir wann een eng Fro huet. Perséinlech hunn ech keng Anung u wat et kéint leien, ausser deem wat den Otets geschriwwen huet, a wat duerno nach eng Kéier méi genee explizéiert gouf. Soll ech oder en aneren dee näischt weider weess, dat elo nach hannendrunner schreiwen? Les Meloures 21:12, 9. Abr 2008 (UTC)


Bis elo ass awer nach net vill hei dervun ze gesinn.
Dat do si just déi Bemierkungen déi sou richteg d'Mataarbechter motivéieren. Schreiwen ech net genuch Artikelen, oder wéi ass dat gemengt. Les Meloures 21:53, 9. Abr 2008 (UTC)
Oder geséis de meng Artikelen net. Laut denger Statistik schéngt dat de Fall ze sinn. Et ass allerdéngs deng Benotzersäit an du kanns drop schreiwe wats de wëllst. Ech sinn och net rose wanns de meng Artikelen net dohinnersetzt. Et mierkt just jiddereen dee sech e bësselchen derfir intresséiert datt se net richteg ass. Les Meloures 22:14, 9. Abr 2008 (UTC)