Diskussioun:Kriibsen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dës Déieren heesche ganz einfach Kriibsen oder Crustacéen. Mir soen jo och net Insektendéieren. Déi eenzeg Uersach fir se Kriibsdéieren ze nennen besteet offensichtlech do drann, dass ënnert der Entrée Crustacéen niewt de Kriibsen och Muschelen a Schlieken opgeféiert gin (wéi daat an der Gastronomie zu Lëtzebuerg heiannsdo mee onkorrekt gemaach get). Fir déi Déieren zesummen get et an der Gastronomie dee korreckten Ausdrock Fruits de mer (cf. franséische Wiki), also Mieresfriichten. Den aktuellen Text op der Säit Crustacéen proposéieren ech einfach ze sträichen (hunn ech och do proposéiert). Op der Säit Crustacéen bleift dann nëmmen en Hinweis a Link op d'Säit Kriibsen.

Gudde Moien
Du kanns gäeren déi neideg Changementer maachen. Dat ass de Wikiprinzip Les Meloures 22:05, 16 August 2007 (UTC)

Schuelendéieren[Quelltext änneren]

Schuelendéieren ass warscheinlech vum däitschen Schalentiere ofgeleet. Schalentiere ass en veralt däitscht Wuert fir Schalenweichtiere, e Grupp vun Mollusken (cf däitschen Wiki). Schuelendéieren hunn also näischt ënnert Kriibsen ze sichen. Hunn ech also ewech geholl.

Gudde Moien. Ma dat ass gutt gemaach. Ech si besonnesch frou, datt sech emol e Fachmënsch sech ëm dat Thema këmmert. Merci mol schonns am Viraus. --Cornischong 22:51, 16 August 2007 (UTC)