Diskussioun:Kuerf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ka mol vläicht een, dee gescheit Bicher huet nokuccken wat et nach ënner Kuerf oder vläicht Kuerw ze fanne gëtt. Sou wäit wéi mäin Daggislëtzebuergesch reecht, gëtt et do nach e Material dat fréier gebraucht gouf fir Matrassen ze fëllen, oder sou ongeféier.

Les Meloures 11:20, 15. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Ma nawell. Dat ass de "Kuef", op Transmuselanesch "Spreu" oder "Kaff", dee geholl gouf, fir Matratzen oder Këssen ze fëllen, besonnesch fir Kannerbetter. --> Kuefbett oder Kuefkëssen. --Cornischong 11:32, 15. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Merci. Les Meloures 12:33, 15. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,
ech stelle mer d'Fro op e Kuerf muss aus "geflochtenem Material" (e schrecklecht Wuert) bestoen? Et ginn dach och Kierf aus Konschtstoff, Drot, Lieder asw. --Pecalux 14:17, 9. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]