Diskussioun:Léon Kinsch (1926)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Eng Rei vu lyresche Wierker, déi an in- an auslänneschen Zäitschrëfte verëffentlecht goufen, sinn och vun him.": Wat, wéini, an a watfir in, an a watfir auslänneschen Zäitschrëften dat ass, géif mech alt interesséieren. Eigentlech heescht dee Saz jo iwwerhaapt näischt. An dat ass schued. --Cornischong 20:10, 1 Oktober 2007 (UTC)

rue Léon Kinsch[Quelltext änneren]

Gudden Owend,
Zu Esch-Uelzecht - et misst och zu Lalleng sinn - gëtt et eng Strooss déi "Léon Kinsch" heescht. D'Fro déi sech stellt ass dës: Krut se den Numm vum Léon Kinsch (1926), gebuer zu Esch-Uelzecht, Journalist a Chefredakter vun der Zeitung D'Lëtzebuerger Landoder vum Léon Kinsch (1870-1954), Deputéierten a Schäffe vun der Gemeng Esch-Uelzecht. Béides wier menger Meenung no méiglech. Et wier duerfir net schlecht fir eng valabel Quell mat däer Informatioun ze hunn. Ech hu scho gesicht, awer ouni Erfolleg bis elo.--Fliedermaus 18:27, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Ech hunn se mol erëm an den Artikel gesat, fir emol d'Tatsaach festzehalen datt et déi Strooss gëtt. Si ass op jiddwer Fall an der Sektioun B (Lalleng). Ech ruffe mar emol bei Kinschen un, da ginn ech gewuer ob et dee richtegen ass. Les Meloures 18:36, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Merci.--Fliedermaus 18:46, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]