Diskussioun:Lëscht vu Lëtzebuerger Internetforumen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kann een mir soen, wisou ech mir den Metten Méih gemaach hun, an déi doudesch Links eraus geholl hunn ??????? *grmmmml* --Maranello M 21:28, 30 Mäerz 2007 (UTC)

Ech huelen un datt wells du net ageloggt wars (kuck den Historique vunder Säit do steet just eng IP), de User Les Meloures dervun ausgaang ass do wier just ee Vandal um Wierk gewiescht (dat kënnt leider hieandsdo vir). Ech hun elo emol deng läscht Versioun nees dohinnergesat. --Robby 21:38, 30 Mäerz 2007 (UTC)

Hun mir et konnten denken, mais geht mir net an den Kapp, mais een eppes machen Kann an net kuckt wat een mecht. Entschellegen mech, falls ech bessi sec an mengem Beitag uerwen war, amplatz einfach ze froen, ob een dat kann reckgängeg machen. sorry. --Maranello M 21:41, 30 Mäerz 2007 (UTC)

Haut de Mëtteg huet eng IP Forumsadresse geläscht. Dobäi huet deen net uginn (am Libellé), wat en eigenlech gemaach huet. Doropshin kucken ech mer de Link un fir op de Forum vum "Luxemburger Wort", dee Link huet funktitionéiert. Fir an d'Zukunft déi "Saachen2 ze verhënneren, misst all Kéier (an esou ass dat jo och virgesinn) hannedru stoe kommen (an e puer Wierder) wat gemaach gouf, well et soss zu soue Mëssverständnësser komme kann. Sou, lo ass jo nees alles Am Kloren. Viru mam Jabel. --Cornischong 21:48, 30 Mäerz 2007 (UTC)

Méi wéi zéng vun den Linken hei an der Lëscht funktionnéieren nët well et se guer nët mei ginn oder iergendwei veréckelt sinn. Däerf een déi einfach sou löschen? Bdx

Internetforen, déi tatsächlech net méi bestinn, däerfe roueg geläscht ginn (an der Kommentarzeil de Grond vun der Läschaktioun uginn!)
Internetforen, déi d'URL (Internet-Adress) gewiesselt hunn: Hei géif ech emol probéieren fir déi nei URL erauszefannen (z.B. iwwer Google) an dann den entspriechende Link am Artikel verbesseren. --Pecalux 07:17, 31. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Hunn puer doudesch URL eraus geholl, wou ech och keng gëlteg méi fonnt hunn --Maranello M (Diskussioun) 16:10, 8. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Forumen? Ech duecht et géing Foren heeschen... -- 213.31.217.82 09:53, 8. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Am LOD ass de Pluriel vu Forum mat Forumen uginn. (Am Däitschen ass et "Foren".)--Fliedermaus (Diskussioun) 14:58, 8. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]