Diskussioun:Lëscht vu lëtzebuergesche Rockgruppen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Mëtteg. D'Lëschte sinn eigentlech nëmmen als Lëschte geduecht. Fir déi eezel Gruppen (oder Rock-Gruppen) wier et schonns besser, deenen hir Geschicht an en eegenen Artikel ze setzen (deen ee méi spéit nach kéint ausbauen). Wann an de Lëschten Eenzelheete stinn, ginn d¨Lëschten gär mat der zäi toniwwersiichtlech. Merci am Viraus. --Cornischong 11:57, 20 August 2005 (UTC)

Stëmmen déi Nimm alt, oder gëtt hei "egal wat" drageschriwwen?? freet sech de --Cornischong 07:48, 18 September 2006 (UTC)

ech hun e bessi internetrecherche gemacht an hun emol alles erausgepucht fier dat ech keng Quell fonnt hun. Dat meescht fennt en ob backline.lu. Nach e puer Erklärungen
  • Bei Cyberpiper ass den Problem dass dat eigentlech The Chill Conspiracy, eng band aus der Schwäiz mat engem Lëtzebuerger am team ass.
  • Daniel Balthasar ass member vun Blue Room an ech hun vun dem elo keng Soloalbumen fonnt.
  • Everyday Zulu heescht elo clanrock.
  • Ill do fënnt en näischt ob bachline an google späitzt do natierlech näischt Gescheites eraus (emmer nemmen Saachen wou Ill en Deel vun iergendengem Wuert ass).
  • Mandoo fannen nemmen eng franséisch grupp déi esou heescht.
  • Reverence dat selwecht ewéi bei Ill.
Eppes beigeleiert hun ech och. Schengts get et eng Musékrichtung déi instrumental psychedelic space rock heescht. Majo dann... esou laang dat net ustiechend ass. Amen Spanish Inquisition 10:51, 18 September 2006 (UTC)


Verlaangt de Cornischong nët awer e bësselche vill et si jo awer schons 21.53% vun de Linke blo:-)) Les Meloures 00:54, 25 September 2006 (UTC)

Kaaf een sech d´Rockbuch, do stin der 500 dran an et fehlen nach emmer Gruppen! 195.46.254.7 18:01, 30 November 2006 (UTC)

Hei huet sech jo zanterhir net vill gedoen, et heescht iwregens "Bernie and the bugs". Nach eemol: kuck een an d´Rockbuch. Dat as bis elo e wahllose Mix vun bekannten bis total onbekannten Gruppen aus Letzebuerg mat decke Lacunen. Mindestens eng vun der ech nach nie héiren hunn, mee ech weess och net alles. 195.46.254.85 15:04, 29 Abrëll 2007 (UTC)

Jo, wann der hei optrieden, déi der Welt zielen, se soll an d'Rockbuch (wat heescht hei Rockbuch? dat heescht iwwerhaapt net esou) kucken, deet sech natierlech näischt. Wann der awer mol hei eppes draschreiwe mat Kapp a Fouss, wäert sech bestëmmt eppes doen. Net jomeren ---- maachen. --Cornischong 15:37, 29 Abrëll 2007 (UTC)

Majo, do leit de Problem: ECH well nämlech net entscheede mussen wéieng vun dene 500 Bands elo ramussen a wéieng net. An ech gin bestemmt keng 420 Gruppen (81 sin lo schon dran, vu ronn 6 hunn ech nach ni de Numm héiren) mat Kuerzbeschreiwung aus dem Rockbuch an, well ech dofir iwert e Mount briecht an der dovun nees 450 rausediteiert misste ginn. Da kiint ech mech awer duerno selwer an den Aasch rennen. Mee di 81 sin awer konterbont zesummegestallt, do si Gruppen dran vun denen ech vir d´Lescht vrun 15 Joer héiren hun, aner Gruppen di nemmen fir d´Dauer vun enger Emergenza-Saison bestanen hun, während vill aktuell existent Gruppen mat grousser Fanbasis ganz fehlen (e Beispill: Sonic Season, och wann dat guer net menges as). Mat engem Rockbuch (dat get wuel sou genannt, an d´Rockhal heescht jo och net Rockhal) kiint der eng Auswiel treffen. Datt ech Reklamm fir d´RB maan huet natiirlech och dermat ze din, datt ech och dra geschriwwen hun. 195.46.247.25 17:58, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Hei ass Plaz fir s'all:-)) --Cornischong 20:45, 30 Abrëll 2007 (UTC)


Gudden Owend eleng wéinst der Héiflechkeet déi schonns sou dacks bemängelt gouf a vun deem Moment unn anscheinend nach ëmmer méi rar gouf.
Mat deem Geschéck wësse mer awer nach ëmmer net wat dat faméist Rockbuch ass, a wéi et iwwerhaapt richteg heescht, ween et erausginn huet, an op et iwwerhaapt entzwousch ze kaafen ass.

Les Meloures 18:34, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Zalü, wollt net onhéiwlech sin. Kompletten Titel as: RB 94-04 d´Rockbuch, enner der Direktioun vum Josée Hansen (Letzebuerger Land) an publizéiert vum Ministere de la Culture, de l´Enseignement superieur et de la Recherche, Lexikondeel vum Christophe "Unki" Unkelhäusser ("Bloe Baaschtert" vum Radio Ara). Erauskomm as et 2005 an war bannent e puer Wochen leider vergraff, mee an der Nationalbibliothéik oder an der vun der Uni kiint ee jo mol nofroen, falls ee wierklech kee kennt, deen et huet (frot all äer Kollegen di an enger Band spillen). ISBN 2-87984-011-2 195.46.247.25 18:50, 30 Abrëll 2007 (UTC)
Rebonjour
Merci mol fir déi méi komplett Info
Les Meloures 19:16, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Cornischong beim Wuert geholl[Quelltext änneren]

Rebonjour och. Sou, lo sin se all dran, dat heescht, all di am Rockbuch stin an och am Entferntesten eppes mat Rock ze din hun (Ethno, Electro, Hip-Hop, Studiopop, Solo-Songwriter etc. hun ech souwait wi méiglech rausgefiltert). Interessant datt di Band mat dem gréissten Artikel am letz. Wikipedia (Providers) am Rockbuch net mol drasteht, obwuel och Coverbands dran opgelescht sin. Hutt der mech awer un d´Schaffe kritt! Mee elo as et un iech! A mengt net datt ech och nemmen 10% vun denen wierklech kennen, ech lauschtere kaum Rock! Äddi 195.46.247.102 16:51, 1 Mee 2007 (UTC)

"Mee elo as et un iech!": Gudden Owend. Heescht dat, mär kréien eng Lëscht presentéiert, an do solle mer schreiwen? Da misst ech mer Gedanken iwwer de Wikipedia-System maachen, fäert d' --Cornischong 17:45, 1 Mee 2007 (UTC)

Zalü-Re. Nee, dat heescht, lo hun ech draus geléiert datt ech meng domm Maul opgemaat hun an dofir opgefuerdert gouf ze schaffen. Ech wollt just kloerstellen datt ech keng weider Enzyklopädistenaarbecht leeschte wäert. Dofir sin ech vill ze liddereg. Wollt awer kucken ob der se iwerhaapt stoeloosst oder nees zreckeditéiert well der mer net gleewt datt et all di Bands do get oder gouf. 195.46.251.237 17:36, 3 Mee 2007 (UTC)

Also den Cyberpiper ass e soloprojet vun dem Artist deen matt villen Leit zu Letzebuerg wei och am Ausland optrett. Hiern ass och Member vun Clanrock.

Everyday Zulu ass Clanrock gin well Clanrock een Label am Ausland fonnt huert vir hir CD'en ze verkaafen an dofir hun missten den Numm änneren. En Plus wor den Numm Everyday Zulu net mei der Musek gerecht dei Clanrock elo mecht.

An vum D. Balthasar missten awer CD'en ze fannen sin en leeft nämlech ennert dem Label vum Gast Walzing. --Mweis 13:23, 27 Dezember 2006 (UTC)

Wann ech dierf umierken, "The Chill Conspiracy" as Projet vun engem Letzebuerger Produzent mat enger schwäizer Sängerin an engem schwäizer Pianist. --Mechel 15:23, 11 August 2008(UTC)