Diskussioun:Lëscht vu lëtzebuergeschen Orchestergruppen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vill Geblubber a kee Fong[Quelltext änneren]

Uewendriwwer steet, datt et ëm eng "Lëscht" geet. No an no sinn allerhand Eenzelheete bäigeprafft ginn. Allerhand Myteriéises huet sech och ageschlach:

  • "besteet aus Memberen déi aus verschiddene Richtunge kommen" Sinn do Leit aus dem Guttland an dem Éislek dran, oder wéi?
  • "Dofir wëlle si e Répertoire wielen, vu Komponisten déi ongerechterweis vergiess goufen": Wëlle se dat maachen oder maache se dat? Komponisten, déi ongerechterweis vergiess goufen. Wéi wier et mat Nimm?
  • "En ass semi-professionnell": Wat ass dat?
  • "Si trieden och op aussergewéinlech Konferenzen op": Wat sinn "aussergewéinlech Konferenzen"?
  • " Eng grouss Zuel vu Concerten hu si iwwer d’Grenz bekannt gemaach": Sou schreift een, wann en näischt weess. Wann en eppes weess, da schreift en Nimm.
  • "D'Sinfonietta brëngt vill lëtzebuergësch zéitgenössësch Kompositiounen an der Uropféierung op d'Bühn": vill Kompositiounen awer nëmme keen Numm!!
  • "Si hunn eng international Renommée." Nondikass, elo wësse mer alles!
  • "Vill unerkannte Musiker wéi de Chris Birch, d'Johanna Weirich, d'Anne-Marie Kalmus asw.": Wien huet déi dann "unerkannt"??
  • "an dësem relativ groussen Sträichorchester": Wéi grouss ass e relativ groussen Orchester??
  • "a féieren Passiounen an konzertant Operen op.": Wéini war dat; a watfir Wierker waren dat?
  • "konzentréiert sech op Barock-Kompositiounen tout genre." Aha, och nach tout genre!
  • "an dësem lëtzebuergëschen Quartett wéi z.B. d'Vania Lecuit.": Bei véier Leit kéint ee wéinegstens de Virnumm uginn!
  • "spillen anspruchsvoll Latino-Klassik.": Wat der Däiwel ass dat?
  • "klassësch arrangéiert Wierker": Wat ass dat, Monni?
  • "aus der fréier populärer amerikanëscher Vollëksmusek.": Wat ass fréi? Wat ass amerikanesch Volleksmusek? Carter Family? Oder indianesch Krichdänz?
Mer kënnen eis vun all deene Méckeschëss wéineg kafen. Eng Enzyklopedia besteet net aus "komesche" Sätz, déi kee Kapp a kee Schwanz hunn. "Fakten, Fakten, Fakten" huet emol ee gesot. Wéi wier et mat Artikelen iwwer déi Gruppen? Gutt Iddi, hein? --Cornischong 17:13, 26 Oktober 2007 (UTC)

Grimmel: L.G.N.M. ass KEEN Orchester.

Semi-professionnell: dësen lugubren Adjektiv erklären ech lo mol: sou wéit ech informéiert sin, gin d'Museker hei hallef privaat an hallef vum Ministär bezuelt, also quasi ganz vum Ministär, well den Orchester u sech souwiesou vill Frikk vum Ministär kritt (an daat ass souwiesou gewosst!).

Beim Liesen vun dëser Säit froën ech mech, ob daat eng Reklamm-Säit ass fir eenzel Museker??

De "lugubre" Begrëff "semi-professionell kenne mer aus munnegen Ecken. Datt e "puer" Staatsbeamten hir Pei oder Rent "opbesseren", ass a Musekskreeser zimmlech dacks ze fannen. Dann ass et jo Zäit ginn, do mol mam Mëschtegreef derduerch ze trëppelen, mengt de --Cornischong 09:14, 12. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Konferenzen: jo, daat stëmmt. Allerdings: aussergewéinlech: nee, daat stëmmt nu guer net. an: sou dacker waren et nach keng där Konferenzen!

Ensemble modern baroque: ech weess net, ob et dësen Orchester nach iwerhaapt gët, oder ob och deen nëmmen eng lëtzebuergësch "Mode-Erscheinung" ass, euh woar. Ech froën daat mol no.

Amerikaanësch populär Musek: Vollekslidder, klassësch "arrangéiert" (an dësem Fall heescht daat: ëmgeschriwen fir e klassëschen Ensemble), aus der Siedler-Zäit. Ursprünglësch also Lidder, matt enger oder e puer Melodie-Stëmmen. Daat ass dann sou eppes wéi bei den Däitschen Lidder vum Schubert a Kompanie.

P.S. ëmgeschriwen: woubäi de Komponist da meeschtens Saachen dobäi erfënnt, wou e mengt, déi zu der Melodie, also zum ursprünglëchen Lidd gënge passen (affaire de goût).

Jo, et wir schon derwärt, datt doräus mol ordentlech Artikkle géifen.

A jo, da gët et nach den Miniorchester: Les "Salonnards". Do kacht d'Vania Lecuit och nees matt, mee vléit gin et se lo oh net méi.

Waat d'Seriösitéit vun lëtzebuergëschen Orchesteren ugeet, schéint daat jo baal sou jet wéi eng Lottrie ze sin.

Moien. Deen Ensemble Modern Baroque get et net méi, an d'Boca hun hir Musiker geännert !! Jojo, willkommen im Zwergenland Lutsemburg. D'Knaddermuert.

Knaddermuert: sou, daat wir lo mol den aktuelle Stand vun deser Geschicht.

Bemierkung vun der IP 158.169.9.14 eriwwergeplënnert aus dem Artikel[Quelltext änneren]

Hei stung: "Ass e Quartett: Chris Birch, Johanna Weirich, Radu (OPL). Si spillen anspruchsvoll a klassesch arrangéiert Wierker aus der fréier populärer US-amerikanescher Volleksmusek."

Taatsaach: Chris Birch (braatsch) an Johanna Weirich (2. gei) hun eng eenzeg kéier e konser mat Ragtimes vum Scott Joplin an Tangoen gespillt, zesummen mam Antonio Quarta (1. gei) a Borbala Janitsek (cello). Wou de numm "Just Born" hirkennt, hu mir keng Ahnong (gel, Rosch?).

Da musse mer dat nokucken. Vläicht mellt ee Fräiwellege sech deen dat well maachen.
A wien ass de Rosch? Les Meloures 12:02, 17. Okt 2008 (UTC)

Korrrekturen a Korrekturwënsch vum Hackerstiwwel: E professionellen Orchester besteet aus Leit, déi mat der Musék hiert Geld verdéngen, oder op d'mannst den Niveau hu fir dat kënnen ze maachen. En Orchster bei dem professionell Muséker zesumme mat Amateuren optrieden ass semi-professionell, ausser ët fënnt eventuell een eng besser Bezeechnung. Just Born: Fir e Quartett ze beschreiwen, den aus 3 Muséker bestoe soll ass lexikalesch nët korrekt. Entweder 4 Nimm, Trio oder guer kéng Nimm.

Bemierkungen zu der ganzer Lëscht[Quelltext änneren]

An dëser Lëscht gëtt mat halwen Artikele jongléiert, et sti komesch Informatiounen dran, et ass keng Grupp verlinkt, deemno ass jo iwwer keng vun de Gruppen en Artikel ze erwaarden.

Ech stellen emol d'Relevanz vun dëser Lëscht a Fro. Les Meloures 20:56, 13. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Fro : virwat sin an dëser Lëscht nët och z.b.den OPL, Quatuor Louvigny, Kreisler Quartett ?