Diskussioun:Lëscht vun däitsch-lëtzebuergesche Grenzbrécken

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

D'Bréck vun der Biwelser Millen ass dat déi, déi op dëse Koordinate steet? 49° 56’ 52.08’’ N 06° 11’ 51.51’’ O

Les Meloures 18:10, 22. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Jo, sorry, si ass nët grenziwwerschreitend, ech hat si elo just geläscht. D'Grenz verleeft am Bësch nërdlech vun der Bréck, déi demno ganz op lëtzebuerger Territoire steet. Christian Ries 19:10, 24. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Misst een dann net eng Lëscht vun de Brécken iwwer d'Our erstellen, soss kommen déi Brécken ëm Veianen néirens an enger Lëscht vir? --Christian Ries 17:12, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

Dat kann e maachen, mä dat sinn der zimmlech vill, an ech kennen se net all. Wéi géife mer se maachen? alphabetesch oder de Flosskilometeren no? Les Meloures 18:47, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Wa mer eng Lëscht vun de Brécken iwwer d'Our opstellen, musse mer eis bewosst sinn dass dann ALL Bréck, vun der Quell bis zur Mündung, also och déi an der Belsch, muss opgezielt ginn. Dat wier zwar e schéinen Zäitverdreif, zumol wa een och nach vun all Bréck eng Foto wëllt knipsen, mä huet dat iwwerhapt Sënn? Ech froe mech souwéisou schonn op d'Lëscht vun däitsch-lëtzebuergesche Grenzbrécken iergend e Sënn mécht. Ech sinn zwar net dergéint, froe mech awer firwat dass et soll gutt sinn. --Pecalux 05:49, 29. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Vun all de Lëschten déi mer bis elo hunn, et sinn der ronn 530, sinn der vill derbäi wou ee sech déi Fro ka stellen, well se si vun hanne bis vir rout. Vun deene 530 hunn ech der ongeféier 105 ugeluecht, a vun deene sinn der ronn 100 komplett blo, well ech och bei deene meeschten d'Artikelen derzou gemaach hunn. (ëm déi 4.000). Déi heite wäert och a kuerzer Zäit ganz blo sinn. An där Iwwerleeung sinn dat fir de Moment déi eenzeg Lëschten op der lb.Wiki an deenen een direkt op eng Informatioun kann zréckgräifen, an deemno mat déi eenzeg sinn déi e bësselche Sënn maachen.
Wat d'Brécken iwwer d'Our ugeet do kéimen der ongeféier nach 30 derbäi, (déi belsch an déi däitsch)wouvunner der schonns e puer op der Wikipedia dokumentéiert sinn. Bis op e puer klenger déi iergendwou an der Gewan stinn, sinn se all gutt accessibel, a kéinten deemno och liicht fotographesch dokumentéiert ginn. Vun enger Partie hunn ech schonns Fotoen am Schaf, an e bësselchen Dokumentatioun gëtt et och schonns. Deemno spillt just d'Zäit déi ee brauch fir d'Artikelen ze maachen eng Roll. An enger éischter Phase wieren natierlech déi wichteg un der Rei, ech denken do z.B un den Ourdallviaduc. Fir mech ass op jiddwer Fall sou eng Lëscht ëmmer e gudden Aide-mémoire fir dat wat ech nach maache kann.
Les Meloures 15:28, 29. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]