Diskussioun:Lëscht vun de Konzentratiounslager

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

d'Pafemillen steet zwar net an der de-wiki, mee ech mengen se geng awer an d'Kat "Duerchgangslager fir Vernichtungslager" passen, oder --Marcus 10:11, 30 Januar 2006 (UTC)

Nawell eng gutt Iddi. Do feelen der nach e puer Honnert, wann een dat méi genee kuckt. Besonnesch bei den Duerchgangslager an der Belsch, an Holland ..... Fuer duer! --Cornischong 10:25, 30 Januar 2006 (UTC)

Mauthausen steet an eiser Tabell bei de Vernichtungslageren, wou et näischt verluer huet. Ka w.e.g. en Tabellespezi dat ëmpraffen. Merci. --Cornischong 19:51, 4 Abrëll 2007 (UTC)

Mauthausen ass geréckelt ginn plus Tabell a méi kleng Tabellen opgespléckt --Robby 09:32, 5 Abrëll 2007 (UTC)
Merci. Op dee Fall musse mer souwisou mol zréckkommen. --Cornischong 22:25, 5 Abrëll 2007 (UTC)


Salut

Ech hu just e klenge Problem, mat de Këschten. Si stinn net ënnereen bei mir. Ass dat bei aneren och esou. Les Meloures 09:05, 6 Abrëll 2007 (UTC)

Dat ass mir scho bewosst, dat kënnt dohir datt fir déi eenzel Kolonnen vun all Tabell keng Breed definéiert ass (doduerch ginn ann all Tabell d'Kolonnen eenzel an der Breed je no Inhalt ugepasst dat huet de Nodeel datt déi eenzel Tabellen ënnerschiddlech Kolonnbreeten hun an de Virdeel dat wa just an enger Tabell vill Inhalt an enger bestëmmter Kolonn steet dofir nët déi Kolonn iwwerall ganz breed ass resp. déi Linn wou de villen Inhalt drasteet ganz héich ass). Nattiirlech kann een och fir all Kolonn an dene verschiddenen Tabellen jeweils déi selwëcht Breed definéieren wann dat soll gemaach ginn da schreiw mir just watfir eng Tabell déi adequatste Kolonnebreeden huet. --Robby 09:17, 6 Abrëll 2007 (UTC) Dat ass e generelle Problem bei allen Internetsäiten
Salut Robby,
Merci fir deng Äntwert. Dee Probleem mat de verschiddene Breete verstinn ech. Dat ass dat mannst. Mee wann ech schreiwen dat d'Këschten bei mir net ënnerenee stinn da mengen ech dat och esou. Dat heescht a méi engem kloren Text si stinn nieft eneeen. Iergenwou ass do en Hoke bei der Trennung vun de Këschte geschitt. Ech hunn awer net eraus fonnt wou. Dat ass awer och vläicht nëmme bei mir esou ze gesinn. Dofir meng Nofro Les Meloures 09:45, 6 Abrëll 2007 (UTC)

Rebonjour,

Ech hunn de Problem geléist kritt. Les Meloures 10:08, 6 Abrëll 2007 (UTC)

Salut, Dat musse mir eis just nach éierens opschreiwe wou mir ët erëmfannen. Ech hunn deen Affichage-Problem nët gehat wëll ech de Browser Firefox 2.0 benotzen an do war alles an der Rei. Robby 10:16, 6 Abrëll 2007 (UTC)
Salut
Do hues de Recht. Dat misst vläicht bei der Hëllef stoen oder wéi bei den anere Wikien eventuell an der Sandkaulssäit. Mee leider leeft déi bei ons och net wéi an den anere Wikien. Et ass leider net den enzege Trick dee bei ons net sou fonktionnéiert wéi bei den aneren. Mer wäerte wuel nach e bësselche warde musse bis mer dat op eng Schinn kréien. Les Meloures 10:23, 6 Abrëll 2007 (UTC)