Diskussioun:Lëscht vun de Länner no Fläch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Source fir d'Fläch[Quelltext änneren]

Kann e mir soen wéi aktuell dës Lëscht ass? Normalerweis duerft et zwar net änneren, mä ech fannen awer dacks Ënnerscheeder zu aneren Wikien --Alexandra 08:37, 8 Abr 2005 (UTC)

Eng genee Äntwert op deng Fro hunn ech och net. Ech weess just, datt eis Lëscht vun der en-wiki ze komme schéngt, an zwar ier déi se komplett geupdate hunn an och soss nach bal eng honnert Changementer gemaach hunn. Ech perséinlech froe mech just, wou esou Länner wéi Italen leien... Enfin, bäi all deene Feeler, hätte mer net besser, eng komplett nei Versioun iergendwou sichen ze goen (de-wiki, nei en-wiki oder esou)? Watfir eng ass do besser? --Otets 13:03, 8 Abr 2005 (UTC)

Ech kuken zwar a verschidde Wiki'en mä déi däitsch ass mir am geleefgesten. Ech kuken dann fir mech emol e Sonnden do drun ze setzen. --Alexandra 14:59, 8 Abr 2005 (UTC)

Déi däitsch ass op alle Fall bäi wäitem déi einfachst fir z'iwwersetzen. Ech géif dofir op deen éischte Bléck och dozou tendéieren. Et ass just, datt eis Noperen déisäit der Musel eng ganz speziell Aart a Weis hunn, fir hir Lëscht ze presentéieren, mat ville villen territorialen Ënnerandeelungen... --Otets 15:15, 8 Abr 2005 (UTC)

Wa mer d'"Penedos de São Pedro e São Paulo" net onbedéngt mussen ernimmen, da geet eis Lëscht duer. Déi aus der däitschsproocheger Wikipedia ass natierlech méi genee mat allen territorialen Blinddärm. Fir all "Differenzen" tëschen der "Tok Pisin"- an der "Pashto"-Wikipedia aus de Féiss ze goen ware mer äis fréier hei doriwwer eens ginn, fir d'Zuele vum SPIEGEL online sengem "Länderlexikon" ze huelen. Well wann een d'Zuele vum "Fischer Weltalmanach", "Britannnica" oder "Universalis" vergläichen, da kann ee schonns dronke ginn. --Cornischong 23:36, 8 Abr 2005 (UTC)

Ech hunn elo e puer Beispiller verglach mat dem Spiegel Lännerlexikon, do stëmmen d'Zuelen awer guer net iwwerteneen. Sollen mir dann einfach eis Tabell beibehaalen an just Donneeën änneren? --Alexandra 09:42, 11 Abr 2005 (UTC)

Mär mussen eis emol domat offannen, datt et keng "richteg" Zuele ginn an déi "aner" falsch wieren. Ech klamere mech guer net onbedingt un dem SPIEGEL seng, mee mer sollen eis net elo nach wochelaang mat Zuelen erëmbalegen, déi ëmstridde sinn an et och bleiwen. Soss misste mer d'Zuele vun e puer Quellen huelen an den Duerchschnëtt rechnen :-) fäert de --Cornischong 10:16, 11 Abr 2005 (UTC)

Ech géif effektiv einfach eis Tabell beibehaalen a just d'Donneeën mam Spiegel Lännerlexikon ofgläichen.
Well och wann d'Zuelen ëmstridde sinn - am Moment ass et esou, datt mär Zuelen hunn, déi anscheinend soss keen aneren huet, a mer musse jo net onbedingt an deer ganzer Confusioun och nach eegen Zuelen erfannen. Dofir sollte mer eis op eng Source eenegen (z.B. de Spiegel Lännerlexikon) an déi och strikt respektéieren (an net, wéi am Ament, e puer Source mateneen vermëschen, respektiv déi alleréischt a falsch en-wiki Versioun künstlech um Liewen halen). --Otets 10:25, 11 Abr 2005 (UTC)

Hallelujah. No enger Diskussioun vun 493 Wierder, alt erëm e Problem aus der Welt! --Cornischong 10:52, 11 Abr 2005 (UTC)

Hat ech mech erëm ze fréi gefreet? Bis Afghanistan war Alles zimmlech an der Rei (zuguer däilech Spiegel "änlech" sic!) an dann ass et eriwwer, well Frankräich gehäit déi ganz Lëscht op d'Kopp. Et sinn esou Momenter, da kritt een e ganz décken Hals. Fir elo nach e puer Stonnen dorun ze kludderen ass mer staark. Iwwer de Weekend hunn ech mech schonn domat amuséiert a mer eng eegen Excel Tabell gezwafft. Soll een net déi däitsch eriwwerkopéieren?? Mee niewebäi gefrot: Kann ee mer soen, wouhir "eis" Zuele kommen????? --Cornischong 11:22, 11 Abr 2005 (UTC)

Eigentlech wees ech net wou se hierkommen, mir ass eben just opgefall wéi ech verschidde Länner opgemacht hunn, dass et bei der Fläch dauernd Differenzen gouf. Soll ech der hëllefen se dann no engem System ze änneren? --Alexandra 11:47, 11 Abr 2005 (UTC)

Wat ass e Land?[Quelltext änneren]

Zënter wéini ass Palästina dann e Land? Esouwäit ech weess, ass et am Ament just en Autonomt Gebitt, oder esou. En-wiki, fr-wiki an de-wiki ernimme Palästina och nach net als Land... --Otets 13:29, 13 Abr 2005 (UTC)

Op dem SPIEGEL sengem "Länner"lexikon steet Palästina kloer drop. Mat der däitschspoocherger Wikipedia steet e ganz aneren Titel iwwer dem Artikel: Liste unabhängiger Staaten nach Fläche. Am de-Artikel "Liste unabhängiger Staaten" steet ... "Palau - (Palästina, siehe Palästinensische Autonomiegebiete) - Panama ...". Deemno, "Affär à suivre" fäert de --Cornischong 17:17, 13 Abr 2005 (UTC)

Sot, firwat fannen ech Taiwan net an deer Lëscht? Huet de Mao déi perséinlech opgestallt gehat? Ech duecht ëmmer, déi kéim aus dem SPIEGEL. --Otets 11:20, 12 Dezember 2005 (UTC)