Diskussioun:Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eng Fro : Gëtt et net zanter de läschte Waalen eng Gemeng manner ? Do waar dach iergendeppes wann ech mech nach richteg erenneren. Wees do ee méi ? --Karlthegreat 16:08, 11 Nov 2004 (UTC)

Salut. Ma du hues wéi ëmmer Recht. Viru Méint hat ech dat an der däitscher scho geännert. E Problem ass déi nei Gemeng Tandel, well déi ass erausgaangen aus der Fusioun mat enger Gemeng aus dem Kanton Dikrech an aus enger aus dem Kanton Veianen. --Cornischong 17:32, 11 Nov 2004 (UTC)


Ech mengen mee sinn mer nemmen zu 99 % secher datt déi Gemeng lo am Kanton Veianen läit. --Karlthegreat 17:39, 11 Nov 2004 (UTC) Edit seet : Veianen ass den klengsten Kanton vum Land, ech mengen net datt se deem nach eng Gemeng weschhuelen. ;)--Karlthegreat 18:16, 11 Nov 2004 (UTC)

ttt

Ech mengen op der Kaart sinn d'Ziffere mer e bëssche grouss geroden, ech wäert dat nach änneren. --pC 10:34, 21 Jan 2005 (UTC)

Salut. Wéi maache mer et mat Béiwen a Réiden: / oder - ? (Am Moment sinn se nach verschidden) --Cornischong 10:53, 21 Jan 2005 (UTC)

Resalut: Keel a Kautebach (51 an 52)! --Cornischong 11:49, 21 Jan 2005 (UTC)

Am SYVICOL sengem Annuaire steet effektif Boevange-sur-Attert (grad ewéi Esch-Sur-Alzette z.B.), awer Redange/Attert. Ech froe bei Geleeënheet op de Gemengen no, wéi si hiren Numm offiziell schreiwen (op franséisch) am état civil. Eng aner Saach, déi mir méi uewe läit: Wolz oder Woltz, Luerentzweiler oder Luerenzweiler? Do ass och keng richteg Linn dran, eng Kéier bleift den tz stoen, eng aner Kéier verschwënnt en. Solle mer do net einfach d'franséischt Schrëftbild huele fir eis drun z'orientéiren? cf. Josy Braun: Nimm (vu Leit, Uertschaften, etc.) ënnerleien och net der Eifeler Reegel, ginn also net geännert. --Pear 16:31, 21 Jan 2005 (UTC)

Ass eigentlech näischt virgesin, fir de Wope vun de Gemengen derbäi ze setzen? --Fred 23:49, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Um Ufank war dat de Wopen en delikate Punkt wéinst de Rechter!! Dowéinst sti se net an de Këschten! Mee mer kéinte roueg d'Wopen an d'Këscht setzen. Domat wier ech och memol eng Suerg lass. Ech haassen déi kleng Timberen (Fotoen) déi an de Këschte sinn!!! Ech hunn nach eng gutt Partie Fotoen op Reserve, wëll se awer net an enger Këscht gesinn!! Also, setz d'Wopen dran, an ech sinn op denger Säit. --Cornischong 23:58, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Kaart vun de Geméngen[Quelltext änneren]

Well d'Geméng Baastendurf (éischt am Alphabet bis den 31.12.2005)fusionéiert huet an zënter hier zur Geméng Tandel gehéiert, ass d'Nummerierung op der Kaart falsch a misst dowéint verbessert gin (op der Kaart sin nach 118 Geméngen agezeechent, et sin der awer nëmme méi 116).- rasch