Diskussioun:Lëscht vun de Liewensmëttel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Grapefruit ass fir mech dat selwecht wéi Pampelmuss, oder gëtt et do nach en Ënnerscheed? Myriam 13:35, 17 Januar 2006 (UTC)

Fir mech awer net. D'Mandarinnen an d'Zitrounen och net. ---> de: "Zitruspflanzen" :-)) --Cornischong 14:03, 17 Januar 2006 (UTC)

Firwat d'Maracuja drasetzen, d'Passiounsfruucht ass jo schons do. An: Wat ass Karamboll ??? --Cornischong 14:11, 17 Januar 2006 (UTC)

Ma dann erklär mer mol den Ënnerscheed tëscht Grapefruit a Pampelmuss, deen tëscht Mandarinn an Zitroun mengen ech hinzekréien ;-). Wat lo d'Maracuja betrëfft: ech weess dat fir eenzel Leit et dat selwecht wéi d'Passiounsfruucht ass, mee a méngem Larousse Gastronomique sinn se als 2 verschidde Friichten ugin (mat Foto). Ech war extra kucken well ech mer scho geduecht hunn dat déi Fro géif kommen. Sou an d'Karamboll (frz. carambole) gëtt och als Stärfruucht bezeechent. Myriam 14:24, 17 Januar 2006 (UTC)

---> de: "Zitruspflanzen" --Cornischong 14:29, 17 Januar 2006 (UTC)

Dat mat de Passiouns- blummen, planzen oder friichten ass méi komplzéiert. Kuck emol an der däitscher ënner "Pssionsblumen". Well ech am Ament bobologesch Problemer hunn, kommen ech elo net u mäi Larousse Gasronomique. Ech muss dofir bis den Owend waarden. --Cornischong 14:36, 17 Januar 2006 (UTC)

Sorry ech stoung um Schlauch. OK, ech gi mech geschloen, du hues emol erëm eng kéier Recht. Wat de Maracujaproblem betrëfft jo ech war schonn op déi däitsch Säit kucken. Am L.G. fënns de d'Fotoen ënnert "Fruits exotiques". Ech kucke mol vläicht fannen ech et jo nach enzwouch anescht. Myriam 14:40, 17 Januar 2006 (UTC)
Gudde Moien
Mer hunn hei an de Mëllechprodukter Crême fraiche a Rahm stoen. An dann och nach Schlagsahn woubéi dat nëmme weiderentwéckelt Rahm ass. Dat ganzt kënnt mer fir fir wéi Speck a Schwéngefleesch. Mer kënnen och nach crême fouettée derbäi setzen dan hu mer nach e Roude weider. Les Meloures 16:51, 25 September 2007 (UTC)
de:Crème fraîche / de:Sahne --> Luxlait verkeeft "Crême fraîche" a se verkeeft "Ram" (Sahne).--Cornischong 17:07, 25 September 2007 (UTC)

Hei ass nach (bal) alles rout! --Cornischong 23:29, 14. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]