Diskussioun:Lëscht vun de brittesche Monarchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kinnek Charles III.[Quelltext änneren]

Mat dem Kinnek Charles III. geet de vereenegten Troun un d'Haus Schlesweg-Holstein-Sonnerbuerg-Glécksbuerg, dat zu Groussbritannien "Mountbatten-Windsor" genannt gëtt. 2001:7E8:C023:EE00:9029:932F:1AA8:B55E 03:21, 9. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]

A wie soll dee Quatsch do gleewen. --2A02:A03F:A199:6C00:60DA:C4BC:EF12:302C 07:20, 9. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]
Quellen an der houdäitscher Wikipedia zum Haus "Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg", deem de Kinnek Charles III. iwwer säi Papp ugehéiert [1] an dem Familljenumm "Mountbatten-Windsor", deen all d'Kanner vun der Kinnegin Elizabeth II. droen [2]. --2001:7E8:C023:EE00:7531:B04C:19E6:DD8E 08:20, 11. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]


A wat soll dat mam Troun ze dinn hunn? --2A02:A03F:A199:6C00:C865:19E7:3A28:D61A 08:30, 11. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]
Mat dem Troun huet dat näischt zu dinn, awer mat dem neien Haus ("Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg", genannt "Mountbatten-Windsor"), op dat den Troun iwwergaangen ass. Bis zur Queen Elizabeth II. huet d'Famill zum "Haus Sachsen-Coburg und Gotha" (zënter 1917 "Windsor" genannt) gehéiert. Beispillsweis gehéiert zu Lëtzebuerg déi groussherzoglech Famill zënter Groussherzog Jean patrilinear net méi zum Haus Nassau, mee zum Haus Bourbon-Parma. (IP:2001:7E8:C023:EE00:642C:90CE:171A:55D4)
Mountbatten-Windsor ass de Familljennumm vun dem Prënz Philipp an der Kinnigin Elisabeth hiren Nokommen an huet näischt mam Haus Windsor ze dinn (dat ass bestoe bliwwen) an nach manner mat de Glücksburger, schonn aleng well de Prënz Philipp wéi e bestuet gouf op all seng Rechter vun där Säit verzicht huet. Datt hie wäitleefeg Famill mat den anere Monarchen ass jo näischt aussergewéinleches, dat si jo Famille wéi all déi aner och. --2A02:A03F:A199:6C00:1192:5732:A789:5A2B 14:32, 14. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]