Diskussioun:Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen/J

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech brauch äer Meenung: wéi soll ech dat (haaptsächlech beim "J") mat den Hellege maachen, wëll heeschen: z.B. Johannes, Jean, Giovanni, Jang. Ech géif virschloe bei net bibleschen Hellegen den Originalnumm huelen (beim Jang den Deefer hate mer eis jo scho festgeluecht. Mee dann hunn ech och de selwechte Problem mam Jacobus/Jacques asw. Do hunn ech z.B. de Fall fonnt op der dt. Wiki: den "Johannes von Gott", deen als "Joao Ciudad Duarte" gebuer ginn ass. Säi biergerleche Numm ass "Joao Ciudad Duarte", mee ënnert deem ass e net helleg gesprach ginn. Iwwer Google ass och net vill ze fannen. Myriam 22:05, 24 Abrëll 2006 (UTC)

Dann huel deen Numm deen am Geleefegsten ass a setz e Redirect op de "richtegen" Numm. Dat hunn ech och bei villen Adlegen, do ginn et der, wéi de Prënz Eugène, déi sinn ënnert hire "Spëtznimm" (wann een dat sou nenne wëll) an d'Geschicht agaangen, mee goufe sécher net esou gebuer. Och de Jang/Jean/Johannes den Deefer gouf weder op den Numm Jean, nach Jang gedeeft. Ausserdem krut ech eng Kéier de Rod, wann ech bei esou Saachen zweifelen, mech un dat Däitscht ze halen. Dofir wir en Hellegen da fir mech éischter e Jak(c)obus wéi e Jacques.
En anert Beispill: Den Cäsar => Julius Cäsar. Kee Mënsch kënnt wierklech op d'Iddi Gaius Iulius Caesar ze schreiwen/soen. Wat hunn ech gemaach ? Majo mäin Artikel heescht zwar esou, wéi de gudde Mann "richteg" geheescht huet, mee ech hunn awer da vun de gängege Forme Redirecte gemaach, sou dass jiddfereen ouni Problem Julius Cäsar a sengem Text ka schreiwen ouni sech grouss Gedanken ze maachen, an e kënnt nawell op der richteger Plaz eraus.
Ajo, a wanns de mat de Jakobussen hantéiers, wär et villäicht keng domm, fir entweder ëmmer C oder ëmmer mat K ze schreiwen :D
--Briséisβρισεισ 22:19, 24 Abrëll 2006 (UTC)

Merci Briséis, fir de "Jules" schéngt dat mer logesch. Mee do ginn et verschidden Helleger déi quasi kee kennt (géif ech emol soen, sou chrëschtlech sinn ech och net), an fir déi et um Internet och net wierklech vill Informatioune gëtt. De 'Jang den Deefer' war (wann ech mech richteg erënneren, vum Cornischong sou définéiert ginn. Der Logik no misst jo dann och dee "Johannes von Gott" (ech hu keng Ahnung wou dee Numm hierkënnt, hu näischt am Internet driwwer fonnt, a fir aner Recherchen hunn ech leider keng Zäit) wéi am Däitschen iwwerholl ginn, oder? Da bleift nach de Johannes vun de Peepst (oder och anerer, wéi de leschten: Benoît, Benedikt); orientéiere mer eis do och un der däitscher Versioun?