Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Lëscht vun den Haaptstied vun der Welt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 6 Méint vum GilPe am Sujet Gëtt dës Lëscht nach gebraucht?

Untitled

[Quelltext änneren]

Moie Jean Beurlet:

Territoirë wéi de Kosovo ouni Commentaire hei an d'Lëscht ze setzen ass eng kriddlech Saach: Wéi schonns eng Kéier geschriwwen hunn eréischt eng Minoritéit vu Länner deen als eegent Land unerkannt. Wann s de deen erasetze wëlls, misst de, wéi an der engleschsproocheger Lëscht, e Commentaire uewenhi setzen, dass ë. a. Territoiren, deenen hir Onofhängegkeet ëmstridden ass, an Italique do stinn (an dann och ofgläichen, wat nach dohinner kéint (oder net). --Zinneke 15:23, 8. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Gëtt dës Lëscht nach gebraucht?

[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Nodeems ech e. a. d'Lëscht vun de Staate vun der Welt aktualiséiert hunn an där och d'Haaptstied ernimmt sinn, froen ech mech ob dës separat Lëscht nach néideg ass fir à jour gehalen ze ginn? Ausser dem Kontinent fannen ech all d'Donnéeën an der éischt genannter Lëscht. Wann néideg kann ech do d'Kontinenter nach bäisetzen.

Kéint een dës Säit eidel maachen an se dann op d'Lëscht vun de Staate vun der Welt viruleeden? | GilPe (Diskussioun) 16:41, 7. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Moien, Vläicht einfach déi aner a Lëscht vun de Staate vun der Welt an hiren Haaptstied ëmnennen? Da kann déi hei fort, resp. e Redirect dohi kréien. --Zinneke (Diskussioun) 19:46, 7. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Gudde Mëtteg,
Ech hunn d'Säit elo eidel gemaach an se op d'Lëscht vun de Staate vun der Welt verlinkt. „Lëscht vun de Staate vun der Welt an hiren Haaptstied“ fannen ech e bësse schwéierfälleg; ech maachen dann eng Weiderleedung vun do aus op déi éischt genannt. | GilPe (Diskussioun) 13:23, 17. Jul. 2025 (UTC)Äntweren