Diskussioun:Lëtzebuergesch Landesmeeschterschaft am Cyclo-Cross

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass den Titel vum Artikel gutt esou? Ech huele mol unn dat et hei "Lëtzebuerger" an net "Lëtzebuergesch" ass. Gett et soss nach ëppes? Merci fir e Commentaire.--Fliedermaus 11:47, 2 Oktober 2006 (UTC)

Ech gif éischter soen lëtzebuergesch mee secher sinn ech och nit. Eise Spezialist hunn ech nach nët gesinn haut. Et ass awer nët schlëmm wann et nët stëmmt, kann zu jidder Moment gereckelt ginn. Les Meloures 13:35, 2 Oktober 2006 (UTC)

Ech hat virgesinn bei de Palamarès vun denen eenzelnen Vëlosportler déi Champion am Cyclo-Cross waren dat dobäizeschréiwen. Duerfir wier ech frou wann eis Spezialiste vun der Lëtzebuerger Sprooch virdru géife mateelen op "Lëtzebuerger National Meeschterschaften am Cyclo-Cross" fir Championnats Nationaux de Cyclo-Cross an der Rei ass. Wëll Nationaux net allgemeng mat "Lëtzebuerger" (oder "Lëtzebuergesch") gläichzesetzen ass, muss dat jo zousätzlech dobäikommen.--Fliedermaus 07:42, 3 Oktober 2006 (UTC)

Ech géif soen et bräicht een et beim Coureur selwer nët derbäi ze schreiwen, wëll et jo ee lëtzebuergesche Coureur ass, ass et evident dass e nëmme Nationalmeeschter zu Lëtzebuerg ka ginn.

Fir dem Problem mat lëtzebuerger a lëtzebuergesch aus de Féiss ze goen kann een och soen

Cyclo-Cross National Meeschterschaft vu Lëtzebuerg. Hei wir et jo och an der Eenzuel, och wann all Joer eng gefuer gëtt ass de Begrëff selwer keng Meizuel, ausser et ass eng Lëscht wou een se opzielt. Les Meloures 08:46, 3 Oktober 2006 (UTC)

"Lëtzebuergesch Landesmeeschterschaften am Cyclo-Cross" : Wat schwätzt dogéint? Wann et Landessprooch, Landesrekord a Landesfaarwen ass, da kënnt dat mer méiglech vir. --Cornischong 10:19, 3 Oktober 2006 (UTC)

Dem Cornischong seng Propose ass korrekt a gëtt sou iwwerholl awer an der Eenzuel wëll et een Artikel ass.

De Coureur selwer géif ech Lëtzebuergesche Landesmeeschter am Cyclo-Cross nennen. Les Meloures 11:19, 3 Oktober 2006 (UTC)

Kee Problem. --Cornischong 11:26, 3 Oktober 2006 (UTC)


"Lëtzebuergesch Landesmeeschterschaften am Cyclo-Cross" ass fir mech och ganz an der Rei. Am Palmarès fannen ech et awer méi iwwersiichtlech fir ëmmer "X. bei de Landesmeeschterschaften am Cyclo-Cross" ze schreiwen, wëll dann den Text deeselwechte bleift, egal ob een éischten, zweeten oder drëtte ginn ass.--Fliedermaus 13:10, 3 Oktober 2006 (UTC)

Do hues du ganz recht Les Meloures 13:43, 3 Oktober 2006 (UTC)

Ech giff zwar och do d'Eenzuel gebrauchen du schreiwst jo och nët 7. an den Tour de Francen :-)) Les Meloures 13:51, 3 Oktober 2006 (UTC)