Diskussioun:Lady Rosa of Luxembourg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir Mëssverständnësser vu vir eran auszeschléissen: Ech hunn dee leschten Abschnitt, dee bäikomm ass, nees ewechgemaach, net, well ech net d'accord wier mat deem, wat do stung, mee just an eleng well:

  • a) den éischten Deel eng Widderhuelung vun deem ass, wat uewe scho steet: dass et eng Polemik gouf, dass déi déi derfir an déi, déi dergéint waren, laangschteneegeschwat hunn, asw.
  • b) zum Deel keng Fakten, mee Meenungen do stungen: "Zum Gléck ass d'Konscht fräi", "d'Aktioun schéngt der Kulturministesch spéider d'Genéck gebrach ze hunn" - do gouf et secher och aner Grënn, "et soll een d'Hoffnung net opginnn...". Dass d'Kulturministesch net noginn huet, hunn ech an den Text uewe bäigesat, dat war do net däitlech genuch.

Dat vun engem Monument fir Krichsaffer hunn ech geläscht, well déi Ausso, nëmmen eng "friem Kënschtlerin, déi selwer ënnert dem Krich gelidden huet, de Courage gehat" hätt, esou e Wierk unzegoen, mer net plausibel schéngt. De Picasso huet "Guernica" gemoolt, ouni dofir beim Bombardement dobäi gewiescht ze sinn...

--Zinneke 09:15, 23 Mäerz 2006 (UTC)