Diskussioun:Laurent

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Der Name kommt aus dem Lateinischen und bedeutet „der Mann aus Laurentum“ (nach einer Ortschaft bei Rom). Die Verbindung mit dem lateinischen Wort für „Lorbeer“ (laurus) beruht auf einer Volksetymologie." kréie mer vun eisen däitsche Kolleegen erzielt. Dat verdréit sech awer guer net mat deem, wat an dësem Artikel ze liesen ass. --Cornischong 12:52, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Zinneke 13:01, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

@Zinneke: Sou lues mengen ech, datt s de de System vun der Wikipedia net ganz verstanen hues. Et geet net drëms, datt all zweeten Dag een de Kreemchen an engem Artikel nees dohi réckelt, wou e gëschter war. Ech hunn awer guer keng Loscht, all Widderspréch tëscht zwou Quellen mat e puer aneren ze vergläichen. Da kann deen, deen eis déi Lorberstory wëll verkafen, eis emol erklären, aus watfir Fangeren en dat gesuckelt huet!! Mat dengem System kënnt all gudden Dag nees en aneren Hirni mat eppes getrëppelt, dat en hei ausbreet. An da misst en aneren sech domat kritillegen, deem säi Kabes ze verbesseren. Déi allermeescht sinn emol net amstand, Schreiffeeler an engem Artikel mat zwéi Sätz ze verbesseren. Esou geet et net. --Cornischong 18:06, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

A wann ech schonns am gaange sinn: Dat Beispill Leerlaf weist ganz gutt, datt Dësen an Deen einfach "egal wat" schreift. E brauch jop näischt nozesichen, e schreift einfach egal wat; wann dat "engem net geet", da kann en dat jo änneren. Wann et dorops erauslafe soll, da pake mer besser haut d'Wallis ewéi mar. E brauch sech jo keng Gedanken ze maachen, wat en do vu sech gëtt, well "déi Aner" kënne et jo verbesseren. --Cornischong 18:14, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
E klenge Pefferkär dann och vu mär:
Wann den Artikel Leerlaf vun Ufank un nëmmen zwéi Sätz méi ausféierlech gewiescht wier, wieren all déi Iertëmer net geschitt. Esou ass et nach bal bei all den Artikele gaangen déi mat annerhalwem Saz ugefaange goufen. Deslescht huet ee Benotzer sech iwwer déi Artikele beklot. Ech kann deem nëmme roden ze kucke vu weem déi meescht sinn.
Les Meloures 21:32, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Kuckt emol dem 158.64.72.230 seng vergaange Kontributiounen (Hitler, Henri Vannérus, etc.)! Do war vill Unfug/Vandalismus dobäi. An deem Sënn ass de Laurent-Artikel jo e schéine Fortschrëtt!--Jamcelsus 10:53, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]