Diskussioun:Leonardo da Vinci

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Datt e Bild mam Jang den Deefer sollt hei mam Numm "Saint Jean Baptiste" figuréieren ass iergendwéi surreal. Zu dem "Mona Lisa" (heescht dat Bild esou??) -Bild: Kann emol ee sech dat Grujelwierk (ech schreiwen natierlech net iwwer den Original, mä iwwer déi Krätzkopie aus de Commons), als Histogramm ukucken. Wat soe mer, wann een eis freet, wien op d'Iddi koum, dee Krätz eropzelueden ? Mer di vläicht gutt drun, e bëssen uechtzeginn, datt mer d'Leit net fäerten doe mat de Biller, mengt de --Cornischong 17:04, 16. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

De Leonardo huet dat Bild net signéiert, net datéiert an ëm och keen Titel ginn. Well et näischt Offizielles gëtt heescht et an all Sprooch aneschters. Déi aktuell Versioun kënnt vum Movieevery, wann s de wëlls op Commons bleiwe kanns de och d'Versioun vum Dbenbenn ukucken, déi vum Susanlesch oder déi vum File Upload Bot (Eloquence). Ech hunn och nach iergendwou en Versioun um Computer erëmleien, mee déi ass esou däischter datt se en Histogramm-Test och net bestoe kann. --Otets 17:30, 16. Mee 2008 (UTC)[äntweren]